Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Accord fir eng Waffepaus tëscht Israel an der Hamas

No-Ost-Konflikt

Accord fir eng Waffepaus tëscht Israel an der Hamas

Déi israeelesch Regierung huet en Accord mat der Hamas fir eng Waffepaus vu véier Deeg ugeholl. Am Géigenzuch soll d’Hamas 50 Geiselen an der Gazasträif fräiloossen.

auto_stories

1 min

© Bigstock / xbrchx
(Foto: Bigstock / xbrchx)

Den US-President Joe Biden, mee och arabesch Staaten, China a Russland hu positiv op den Accord iwwer eng humanitär Waffepaus an der Gazasträif reagéiert.

Den Accord war no der Mediatioun vum Qatar, Ägypten an den USA zustane komm. E gesäit vir, op d’mannst 50 israeelesch Geisele fräizeloossen. Am Géigenzuch huet Israel agewëllegt fir palästinensesch Prisonéier fräizeloossen, haaptsächlech Fraen a Mannerjäreger.

Israel huet awer och däitlech gemaach, datt den Accord net d’Enn vum Krich bedeit. Nom Enn vun der Waffepaus géinge si weider hir Ziler verfollegen. Israel huet betount, datt sämtlech israeelesch Geisele misse fräikommen.

D’Hamas, déi vun der EU an den USA als terroristesch Organisatioun ugesi gëtt, hat de 7. Oktober iwwer 1.200 Mënschen an Israel ëmbruecht an iwwer 200 Leit als Geisele matgeholl. Bei der israeelescher Militäraktioun duerno wiere bis elo iwwer 14.000 Mënschen ëm d’Liewe komm, dorënner méi wéi 5.000 Kanner, heescht et am neie Bilan vun de vun der Hamas kontrolléierte Gesondheetsautoritéiten.