Radioen

On air

Notturno  |  Jenny Owen Youngs - Avalanche

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Accord bei der Reform vum Stroum-Maart

Een emotionale claude turmes seet Äddi

Accord bei der Reform vum Stroum-Maart

Méintelaang gouf iwwert déi Reform gestridden, virun allem Frankräich an Däitschland waren net mateneen d’accord. Mee och Lëtzebuerg war net zefridde mat deem, wat um Dësch louch. Elo gouf ee sech een: op där viraussiichtlech leschter Reunioun vun den Energieministeren aus de 27 EU-Länner, bei där de Claude Turmes dobäi war. Den Äddi war net einfach.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

© European Union play_arrow
De Claude Turmes gëschter beim Conseil. Kuerz drop gouf et emotional. (Foto: European Union)

Nach am Summer hat de Claude Turmes et begréisst, datt et net zu engem Accord koum. Ënner anerem, well den deemolegen Text Frankräich duerch laangfristeg Kontrakter d’Méiglechkeet ginn hätt, seng Atomindustrie massiv indirekt ze subventionéieren. Dat ass mat deem, wat elo virläit, net méi an deem Mooss méiglech, sou den Nach-Energieminister.

"Mir hunn eigentlech haut mat deem Accord verhënnert, datt Frankräich eis industriell kann ënnerbidden an op där anerer Säit schafe mir eisen Industriellen d’Méiglechkeet sech offshore anzekafen, och wann dat iwwert e puer Grenze geet, hu se keen Nodeel domat."

Déi nämmlecht laangfristeg Kontrakter wieren nämlech duerch déi Reform vum Stroummaart mat Entreprisen, déi mat erneierbarer Energie schaffen, méiglech an europäesch gereegelt.

Zügeg Verhandlunge mam Europaparlament

Frankräich huet sech um Enn net onzefridde gewisen. Al Anlagen, déi schonn existéieren, géifen och ënnert déi nei Reegele falen. D’Kommissioun misst awer dofir suergen, datt et um Marché net zu deem kënnt, wat Däitschland gefaart hat, nämlech enger Verzerrung um Maart duerch konkurrenzlos niddereg Präisser.

Fir datt d’Reform kann a Kraaft trieden, muss ee sech nach mam Europaparlament eens ginn. Dat kéint séier goen, mengt de Claude Turmes.

"Beim Haaptsträit si mir eis haut méi no bäikomm. Dat war ee Sträit tëscht Regierungen. Ech ginn dovun aus, datt d'Verhandlunge mam Europaparlament relativ zügeg kënnen ofgeschloss ginn."

Een emotionale Claude Turmes

Um Enn vun där Reunioun gëscht Erliichterung doriwwer, datt et zu engem Accord koum an och Applaus fir de Lëtzebuerger Gréngen, deen, esou déi spuenesch Energieministerin Teresa Ribera am Numm vun der EU-Presidence, vill Joren den EU-Institutiounen an der Energiepolitik verschriwwen hätt.

Beim Concernéierten dono am Interview bleiwen d’Tréinen net aus. "Et war ee schéint Gefill.", sou een emotionale Claude Turmes. Well et och ee Merci fir iwwer 20 Joer Engagement war, sou de Claude Turmes.
Ginn et Pläng, wéi et virugeet? "Nee. Elo maachen ech emol e puer Méint laang ee Break an da kucke mir virun."

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Aktualitéit
Europa
Ëmwelt