Déi 1.200 Leit, déi am Cargozenter schaffen, gi vu Luxair bei d’Cargolux-Filial “Luxcargo Handling” transferéiert. Et wier ee gudden Accord, sou de Paul de Araujo vum LCGB:
"Den Accord ass e gudden Accord am Sënn vun, datt en, ë, eng Äntwert bréngt, op all déi Froen an all déi Onsécherheeten, déi, d'Salariéë lo iwwert , all déi siwe Méint, gesot hunn. Sief dat, d'Ofsécherung vun hiren Aarbechtsplazen, sief dat d'Ofsécherung vun hiren Aarbechtskonditiounen, sou wéi och hir Existenzen. mengen, den Accord bréngt do eng Wend an, eng Äntwert an eng positiv Approche zu deene fënnef Fuerderungen, déi mer u sech haten."
Virgesi wier an deem Accord neie Kollektiv-Vertrag bei Luxcargo Handling op Basis vum Luxair Vertrag. Eng Aarbechts-Garantie där no Luxcargo Handling sech och bei engem Sur-Effektiv derzou engagéiert, kéng Leit aus ekonomesche Grënn ze entloossen oder e plan de maintien dans l‘emploi auszehandelen. Eng adequat Personal-Delegatioun an och de Prinzip vun de verbëllegte Luxair-Fluchticketen als Avantage extra-professionell gëtt bäibehalen. Fir d‘Luxcargo-Personal gëtt deemnächst dann en eegene Kollektivvertrag mat deenen ale Conditiounen ënnerschriwwen, sou nach de Paul de Araujo.