Éischten Erkenntnisser no war e Baugerëscht an de Schacht vun engem Lift gefall, véier Aarbechter koumen ëm d‘Liewen, an ee gouf liewensgeféierlech blesséiert, sou Pompjeeën. Bei den Affer géif et sech ëm Aarbechter aus Bulgarien handelen, sou d‘Stad Hamburg.
Déi staatlech Bau-Opsiicht an e puer Inspektere géifen d‘Police bei der Enquête ënnerstëtzen.