Hie géif d’Situatioun zu Lëtzebuerg an an der ganzer EU genee iwwerwaachen, esou den EU-Kommissär fir d’Landwirtschaft, de Christophe Hansen. De Lëtzebuerger CSV-Politiker huet och op Mesuren higewisen, déi national Regierungen an dëser Ausnam-Situatioun elo schonn huele kënnen.
De Centre de recherche vun der Europäescher Kommissioun liwwert a sengem neiste Bulletin d’Zuelen zu den deels desolate Biller, déi sech op de Felder a Wisen a villen Deeler vun der Europäescher Unioun den Ament bidden. De Mais, d’Sonneblummen an aner Summer-Kulturen hu schwéier ënner dem Stress vun den héijen Temperaturen an der Dréchent gelidden.
Moderéierten Impakt an de Benelux-Länner
A verschiddene Regiounen ass mat engem totalen Ausfall vun der Recolte ze rechnen. Am meeschte betraff sinn deem Bulletin no Frankräich, de Süde vun Däitschland, den Norden an den Zentrum vun Italien, genee ewéi Éisträich, déi Tschechesch Republik, d’Slowakei, Ungarn an de Weste vu Rumänien.
Méi moderéiert gëtt den Impakt op d’Benelux-Länner, Slowenien a Kroatie beschriwwen. Lëtzebuerg zielt zu deene Länner, wou d’Abousse bei de Summerfriichte par rapport zu zejoert mat am héchste chiffréiert ginn.
Och a Géigenden, déi manner betraff sinn, hätt de Buedem gelidden an net méi genuch Fiichtegkeet gespräichert. Dat gouf och an Irland, Nord-Däitschland, Dänemark oder awer a Polen a Bulgarie festgestallt. Manner produktiv Wise géifen iwwerdeems de Risiko vun engem Fuddermangel mat sech bréngen, heescht et am Rapport.
Nächst Woch ass Entrevue mat Vertrieder aus dem Secteur
Déi méi kill Temperaturen an och de Reen, deen elo virausgesot gëtt, kënnen d’Perte net méi ausgläichen, esou d’Aschätzunge vun den Experten.
Den EU-Kommissär fir d’Landwirtschaft huet vun engem groussen Drock op d’Revenuen vun de Bauere geschwat an drop higewisen, datt d’Memberlänner an dësem Fall eng Force majeur unerkennen an op deem Wee dofir suerge kënnen, datt d’Baueren hir EU-Subsiden net verléieren, och wa si wéinst den aussergewéinlechen Ëmstänn verschidden Obligatiounen net ganz erfëlle kënnen.
Hie stéing an enkem Kontakt mat de Regierungen an déi nächst Woch en Dënschdeg ass eng Entrevue mat Vertrieder aus dem Secteur geplangt fir iwwer d’Auswierkunge vum Summer ze schwätzen, esou de Christophe Hansen dem 100,7 géintiwwer an enger schrëftlechem Stellungnam.