Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Getdown Services - I'm Not Feeling It

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Aarm sinn am räiche Lëtzebuerg

Schwéierpunkt vum Dag

Aarm sinn am räiche Lëtzebuerg

Lëtzebuerg gëllt als dat räichst Land op der Welt. Dobäi ass Aarmut eng Realitéit fir vill Leit: Iwwer 17% Prozent vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg liewen, leien de leschten Zuele vum Statec no ënnert der Aarmutsgrenz. De Problem ass dringend. Dat bestätegen och d’Hëllefsorganisatiounen, déi sech géint d’Aarmut asetzen. D’Ana Angel war virun de Feierdeeg d’Situatioun op Esch an de Restaurant vun der Stëmm vun der Strooss ukucken.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

© Ana Angel play_arrow
(Foto: Ana Angel)

Kuerz viru Chrëschtdag war d’Stëmmung zu Esch am Sozialrestaurant gutt. Ee Rucksak konnt ee gewannen an der Tombola, an eng Tut vum Kleesche gouf et fir jiddereen.

Ee Stammdësch am Sozialrestaurant

Ee vun de Gäscht am Restaurant zielt eis, datt hien dacks hei géing iessen. “Hei ass eise Stammdësch. Hei sëtze mir ëmmer zu 4, 5, 6 Leit. An dat ass ëmmer dee lëschtegen Dësch.” Seng Kolleege géif hien nämlech hei begéinen. Een Daach iwwer dem Kapp huet hien, mee finanziell ass et trotzdeem ganz enk.

“An elo scho véier Joer hat ech keng Aarbecht méi. Elo hunn ech säit September d’Pensioun.”

Mee och mat Aarbecht ass een net virun der Aarmut geschützt: Den Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg trotz Aarbecht ass an der EU mat ee vun deenen héchsten. D’Aarmutsgrenz louch am Joer 2022, de leschten Zuele vum Statec no, bei 2.265 Euro netto.

Ëmmer méi Familljen a Fraen

Och zu Esch kommen eng ganz Rei Leit iessen, déi net op der Strooss wunnen, an awer aarm sinn, confirméiert de Chef vum Restaurant, de Mustapha Haddar. Net méi wéi 50 Leit passen an de Restaurant an d’Sécherheetsbeamten op der Plaz suergen dofir, datt och net méi Leit era kommen.

“En temps normal les gens peuvent rentrer et sortir, s'il y a de la place ils peuvent entrer. Aujourd’hui on a essayé d’organiser parce que le restaurant prend 50 places maximum. Et on a essayé de faire des créneaux de 11:30-12:15 et puis prochain groupe de 12:15-13:00. Et on profite aussi d’organiser la tombola."

D’Populatioun, déi op d’Offer vun der Stëmm vun der Strooss misst zeréckgräifen, hätt sech eleng an de leschten zwee Joer drastesch verännert. Ënnert anerem géife méi Famillje reegelméisseg bei si iesse kommen, mengt de Mustapha.

"Je pense que le covid a fait beaucoup de dégâts, puis la guerre en Ukraine et tout, les gens sont vraiment dans le besoin. Et vous le voyez, il y a beaucoup de femmes ici."

Et géif méi driwwer geschwat ginn an Aarmut wier manner tabuiséiert. Dat ass seng Erklärung, wisou an Tëschenzäit méi Frae bei d’Stëmm iesse kommen. Dat ass positiv mengt de Mustapha, mee et wier erschreckend, datt d’Hëllef iwwerhaapt benéidegt gëtt. Dobäi si Frae méi oft wéi Männer vun Aarmut betraff: am Joer 2022 waren dem Statec no ronn 21 Prozent vun de Fraen zu Lëtzebuerg vum Aarmutsrisiko betraff. Bei de Männer waren et ronn 18 Prozent.

200 Portiounen den Dag

Am Restaurant ass et haart, a virun der Dier waarden déi nächst Leit drop, hir Titche beim Kleeschen ofzehuelen. Op hien d’Gefill hätt, datt am Moment méi Leit kommen? Jo, seet de Mustapha.

“Ce n'est pas une impression, c’est une vérité, c’est la réalité, c’est le Combat de la Stëmm. Notre directrice Madame Oxaceley le répète tout le temps: on a beaucoup de monde. Je me rappelle, il y a un an et demi ici à Esch on avait 130, 140 repas par jour. Mais maintenant le chiffre 200, c’est devenu normal.”

Mee och wann d’Feierdeeg elo eriwwer sinn, d’Aarmut zu Lëtzebuerg bleift. 

Lauschterenplay_arrow