Radioen

On air

Concert  |  Tosca vu Puccini

play_arrow Live
search

/ Aarbechtsrees vum Xavier Bettel: Tëschestopp op Zypern

Rees an den Noen Osten

Aarbechtsrees vum Xavier Bettel: Tëschestopp op Zypern

Um Wee fir seng 3. Rees, dëst Joer, an den Noen Oste mécht den Ausseminister haut en Tëschestopp op Zypern. De Xavier Bettel hat um Dënschdegmoien op der gedeelter Insel am Mëttelmier Gespréicher mam zypriotesche President a mat sengem Homolog.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Eric Ewald play_arrow
Xavier Bettel mat sengem Homolog, Konstantinos Kombos (Foto: Eric Ewald)

Den Ausseminister vun Zypern, Konstantinos Kombos, ass am spéiden Dënschdegmoien net nëmmen op déi 20 Joer EU-Memberschaft vun der gedeelter Insel agaangen. Hien huet och op déi 55 Joer al, gutt diplomatesch Relatiounen tëscht sengem Land a Lëtzebuerg insistéiert.

Dobäi géif et awer nach ëmmer, "grousst Potenzial" ginn, fir déi auszebauen.

Gutt diplomatesch Relatiounen

Zum Ausbau vun deene Bezéiunge kéint et virun allem och op ekonomeschem Plang kommen, sou de Chef vun der griichesch-zypriotescher Diplomatie. Déi aktuell Relatiounen huet de Konstantinos Kombos excellent genannt, och well een déi selwecht Valeuren hätt. Déi zwee méi kleng Memberlänner vun der Europäescher Unioun hätten d’EU als gemeinsamen Intressi.

De Xavier Bettel huet betount, datt hie fir d'zweet a politescher Funktioun op Zypern wier. Zu de bilaterale Relatiounen erkläert de viregte Premier.

"Gutt, kommerziell, schwaach. Do leeft net ganz vill. Do muss ee kucke wat nach vu Potenzial gëtt. Politesch gutt. Mir ënnerstëtzen eis och géigesäiteg bei ganz, ganz ville Punkten."

Zypern feiert 20 Joer EU-Memberschaft

Zypern a Lëtzebuerg wieren net déi gréisst Länner, kéinten awer op internationalem Plang Mediateur sinn.

De Moment ginn op der Uni zu Nikosia d'20 Joer EU-Memberschaft vun der gedeelter Insel gefeiert. De Chef vun der Lëtzebuerger Diplomatie schwätzt do ënner anerem mat Studenten a Studentinnen. Am fréien Nomëtte geet et da bei de Comité fir vermësste Persounen.

Dee gouf 1981 vun de griicheschen an tierkeschen Zyprioten an d’Liewe geruff, zesumme mat der UNO. D'Zil ass et, d’Läiche vu ronn 2.000 Leit vun no der tierkescher Invasioun vun Zypern 1974 ze fannen, z’'identifizéieren a si hire Familljen zréckzeginn.

Lauschterenplay_arrow