arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ AWACS-Flott vun der NATO soll erneiert ginn - Net méi zu Lëtzebuerg enregistréiert

NATO

|
reading time

1 min

AWACS-Flott vun der NATO soll erneiert ginn - Net méi zu Lëtzebuerg enregistréiert

Lëtzebuerg géif bei der Erneierung vun der Flott bedeelegt bleiwen, confirméiert den Ausseministère op eis Nofro hin. Als Grënnungsmember vun der AWACS-Flott géif ee sech och finanziell bedeelegen - wéi héich dee Montant ass, konnt de Ministère awer net matdeelen.

reading time

1 min

NATO AWACS-Fliger | © EPA/FRIEDEMANN VOGEL
NATO AWACS-Fliger (Foto: EPA/FRIEDEMANN VOGEL)

Kloer ass, datt déi nei Flott net méi zu Lëtzebuerg wäert enregistréiert ginn. A wéi engem Land dat an Zukunft wäert sinn, wier nach onkloer, heescht et. Gläichzäiteg bleift de Findel och an Zukunft eng wichteg Basis fir dës NATO-Kapazitéiten. 

D'Allianz plangt, déi aktuell AWACS-Fligeren, déi zënter bal 40 Joer am Asaz sinn, duerch méi modern Maschinnen ze ersetzen. Eng definitiv Decisioun gëtt fir den NATO-Sommet am Summer erwaart.