An engem BBC-Interview hat de Xavier Bettel d‘lescht Woch gesot, Lëtzebuerg hätt keng grouss militäresch Capacitéite fir sech an de Krich am Noen Osten anzemëschen. Lëtzebuerg hätt nëmmen ee Fliger, dofir awer eng gutt Militärmusek. Iwwerdeems huet hien déi international Relatioune mam US-President mat engem “Et ass komplizéiert”-Facebook-Status verglach.
An enger schrëftlecher Reaktioun huet Yuriko Backes gëschter kloergestallt: D‘Lëtzebuerger Arméi hätt bal dausend Memberen, si géife sech all Dag fir d‘Sécherheet an déi national Verteidegung asetzen. An et wier een Asaz, fir dee si an déi ganz Regierung grousse Respekt hätten, esou d‘DP-Verteidegungsministesch Yuriko Backes.
D'Sam Tanson vun déi gréng huet d'Aussoe vum DP-Ausseminister am 100,7-Interview kritiséiert.