A ville Beräicher wier Lëtzebuerg nach ëmmer mat Problemer wéinst Rassismus an Diskriminéierung konfrontéiert.
Dat gëllt besonnesch fir den Discours vun der ADR vis à vis vun der LGBTQIA+ Communautéit.
An engem Rapport vun der Europäescher Kommissioun géint Rassismus an Intoleranz vun 2023 hätt Lëtzebuerg schlecht ofgeschnidden, erënnert d‘ASTI. D'ECRI hätt virop op Haassrieden an der Politik verwisen, déi banaliséiert ginn.
D'Diskriminéierug a Rassismus géife sech op ville Plaze verstäerkt weisen. An der Schoul an och am Logement zum Beispill.
2017 hätt d‘ASTI gefuerdert, dat een Observatoire fir rassistesch a xenophob Phenomener gefuerdert. Bis elo hätt ee vu Säite vun der Regierung keen Echo héieren.