Radioen

On air

9 bis 1  |  Courtney Barnett, Kurt Vile - Over Everything

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ASTI: Enttäuscht iwwer Walprogrammer

Nationalwalen

ASTI: Enttäuscht iwwer Walprogrammer

Den ASTI-President Evandro Cimetta weist sech enttäuscht, wéi wéineg vun der ONG hire Revendicatiounen an de Walprogrammer steet. D’Organisatioun, déi sech fir d’Rechter vun Auslänner asetzt, hat am Virfeld vun de Walen, Entrevuë mat den dräi Majoritéitsparteien, a mat CSV, ADR, déi Lénk a Piratepartei.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Serge Kesseler

Et gesäit een, datt et guer keng Prioritéit ass”, beklot den Evandro Cimetta doriwwer, wat an de Programmer steet, zur ASTI hiren dräi Haaptthemen Immigratioun, Asyl an Zesummeliewen.

E Regulariséierungs-Programm

Eng nei Regulariséierung fir déi Leit ouni Rechter hei am Land, ass eng Haapt-Fuerderung vun der ASTI. Et géif dobäi ëm geschate 600 bis 800 Leit goen, heescht et op Nofro hin. Déi nächst Regierung misst direkt am Ufank, eng Demarche fir esou eng Regulariséierung maachen, huet den ASTI-President erkläert.

D’Organisatioun schwätzt vun engem Regulariséierungs-Programm fir eng zäitlech limitéiert Period. Et wier normal datt do Konditioune festgeluecht ginn, dat wier och scho viru Jore gemaach ginn, betount den Evandro Cimetta

"Datt dat eng Prioritéit ass, an datt d’Regierung herno Zäit huet, iwwert de Rescht der Period, dat ass da fir dofir ze suergen, datt nodeem d’Leit all regulariséiert sinn, dass keng neier méi geschafe ginn."

Jidderee soll bei Nationalwale matmaache kënnen

Onofhängeg vum Resultat vum Referendum vu virun aacht Joer, géif d’Awunner-Walrecht bei Chamberwalen eng fundamental Fro fir d’Qualitéit vun der Demokratie bleiwen. All Mënsch, deen hei a Lëtzebuerg lieft, soll bei den Nationalwale kënne matmaachen, verlaangt den Evandro Cimetta.

"Quitt, datt mer warscheinlech et net fäerdeg bréngen – well et steet jo a kengem Walprogramm dran – fir, datt mer bannent deenen nächste fënnef Joer d’Constitutioun eng Kéier geännert kréien, fir dat dran ze kréien."

Donieft ass d’ASTI dofir, datt all Leit, déi Asyl hei am Land ufroen, direkt solle schaffe kënnen. Weider Fuerderunge sinn ënner anerem d’Schafe vun enger “Chambre des Citoyens” a vun engem Observatoire fir Rassismus, Xenophobie an Antisemitismus.

Lauschterenplay_arrow