Radioen

On air

9 bis 1  |  Biig Piig - Favourite Girl

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Käschte fir den aktuelle Walkampf kënnen d’Parteien zum Deel zréck bezuelt kréien

Staatlech Sue fir de Walkampf

Käschte fir den aktuelle Walkampf kënnen d’Parteien zum Deel zréck bezuelt kréien

Bei de Chamberwalen 2013 an 2018 sinn dofir iwwer d’Chamber all Kéier ronn 1,4 Milliounen Euro staatlech Suen un d’Parteie gaangen. Dobäi gëlle fir d'Parteien a Beweegungen awer verschidde Spillreegelen.

auto_stories

4 min

headphones

2 min

Laurent Scheeck | © Chambre des Deputés play_arrow
De Laurent Scheeck ass Generalsekretàr vun der Chamber (Foto: Serge Kesseler)

De Generalsekretär vun der Chamber, Laurent Scheeck, erkläert, et misst een an all Walbezierk eng komplett Lëscht hunn an op d'mannst ee Sëtz an der Chamber kritt hunn.

Zomm ass gestaffelt

D’Zomm fir dës Ënnerstëtzung fir d’Walkampfkäschten ass gestaffelt: Eng Partei, déi zum Beispill 13 Sëtz an der Chamber kritt, huet d’Recht op 330.000 Euro.

"Dat setzt sech an dësem Fall zesummen aus engem Forfait vun 200.000 Euro, déi een ab 12 Deputéierten zu gutt huet, sou wéi dat am Walgesetz fest geschriwwen ass. An da kommen nach pro Deputéiert 10.000 Euro zesummen: also 130.000 Euro, déi nach bei déi 200.000 Euro dobäi kommen."

Remboursementer vun de Walkampagnen 2013

Partei Zomm
CSV (23) 430.000
LSAP (13) 330.000
Demokratesch Partei (13) 330.000
Déi Gréng (6) 160.000
ADR (3) 80.000
Déi Lénk (2) 70.000

1,9 Milliounen Euro goufe budgetiséiert

Fir een Deel vun de Walkampf-Käschten zréck bezuelt ze kréien, kënnen d’Parteie sech nom 8. Oktober un d’Chamber riichten, erkläert de Generalsekretär Laurent Scheeck.

D'Gesetz schreift vir, datt e Remboursement vun der Campagne fir d'Chamberwalen um Niveau vum Parlament budgetiséiert gëtt.

"An hei goufen 1,9 Milliounen Euro budgetiséiert fir d’Legislativen am Oktober, awer och fir d’Europawalen, déi d’nächst Joer stattfannen."

 

Remboursementer vun de Walcampagnen 2018

Partei Zomm
CSV (23) 410.000
LSAP (13) 330.000
Demokratesch Partei (12) 320.000
Déi Gréng 220.000
ADR (4) 90.000
Déi Lénk (2) 70.000
Piraten (2) 70.000

Remboursementer gi sou séier wéi méiglech gemaach 

Rezent hätt de Chamberpresident beim Premier ugefrot, datt déi 1,9 Milliounen Euro sollen un d’Chamber iwwerwise ginn. Déi Zomm also, déi am Staatsbudget fir d’Zréckbezuele vun de Walkampfkäschte steet.

D'Administratioun wier och sou opgestallt, datt Remboursementer, soubal d'Justifikatife vun de Parteie virleien, kënne gemaach ginn, betount de Laurent Schleeck.

Nieft dësem Remboursement iwwert d’Chamber, kënnen d’Parteie beim Staatsministère, och ënner Konditiounen, zousätzlech d’Zréckbezuelen, vu Portokäschte fir eng gedréckte Walkommunikatioun un all d’Haushälter, ufroen.

Lauschterenplay_arrow