Eng Rei vun engagéierte Politiker an Affekote wëllen iwwert d'Theema informéieren an och juristesche Bäistand leeschten, erkläert d'Marie-Marthe Muller vun de Piraten.
"Déi heiten ASBL, dat ass an sech, iwwerpolitesch, hei setze mer eis ganz kloer an den Déngscht vun deenen Heescherten a mir wëllen hinnen, do sinn och Affekoten derbäi. Mir wëllen hinnen Assistance juridique ubidden, mee awer och surtout de Grand public mat Konferenzen a mat wierklech faktebaséierten, Informatioune wëllen dem Grand public, sou kloer maachen, mir hu ganz sécher en ëmmer méi groussen Aarmutsproblem hei zu Lëtzebuerg, mee et geet net, fir dat op de Bockel vun deenen Äermsten auszedroen"
Sollt d'asbl d'Conditiounen erfëlle fir juristesch géint de Reglement iwwer d'Heescheverbuet virzegoen, géif se dat och maachen heescht et op Nofro hin. Dofir misst se awer vun engem Betraffenen ëm juristesch Assistenz gefrot ginn.