Aner Prioritéite missten d’Preventivmedezin an de Stellewäert vum Hausdokter sinn, esou den Dr. Alain Schmit.
Wat d’Fro vun der Finanzéierung vun der Medezin baussent de Klinicken ugeet, stellt den AMMD-President awer nach gewëssen Ënnerscheeder fest.
"Well do gëtt et awer eng relativ grouss Diskrepanz tëschent deem, wat d’Krankekeess am Moment baussent de Spideeler finanzéiert, a wat se par rapport zu de Spideeler finanzéiert. Do gëtt et grouss Ënnerscheeder. An dat féiert natierlech dozou, dass u sech d’Offer dobausse fir d’Leit net esou etofféiert ass, wéi se kéint sinn."
Et wier also sënnvoll - wéi vun CSV an DP ugekënnegt - eng Revisioun vum Gesetz iwwer de “virage ambulatoire” ze maachen, vum Text vum leschte Juli also, fir ënner anerem grouss Diagnos-Apparater baussent Klinicken ze reegelen.
"An dann ebe méi eng generell Debatt och doriwwer féiert, wéi kënne mir d’Medezin an engem klenge Land maache mat wéineg Ressourcen, also wéineg Dokteren. Wéi kënne mir dann awer dozou kommen, dass mir eng gescheit medezinesch Offer fir d’Patiente kënnen op d’Bee stellen?"
Digitalisatioun: Lëtzebuerg geet net wäit genuch
Fir eng Gesamtléisung misst dobäi och dat geplangte Gesetz iwwer Gesellschafte vun Doktere mat abezu ginn, fënnt de President vun der AMMD.
Wat den digitale Patientendossier ugeet, wier een hei am Land net wäit genuch, ënnersträich den Dr. Alain Schmit. D’Initiativ mat engem eegenen AMMD-Projet an dësem Beräich, géif him schéngen, am Koalitiounsprogramm rëm ze fannen ze sinn.
"Do gëtt et spannend doriwwer ze diskutéieren, wéi een dat ka geschéckt verbannen, vernetzen. Dat ass eng wichteg Diskussioun, déi mir wäerten hunn, hoffentlech geschwënn, fir kënnen eben deenen Ufuerderungen, déi d’Regierung sech elo selwer ginn huet, a punkto Digitalisatioun, fir där gerecht ze ginn."
Ee Rendezvous mat der neier Ministerin Martine Deprez huet d’AMMD iwwerdeems nach net.