Radioen

On air

Notturno  |  Bill Callahan - The Sing

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ALVA warnt virun Import vun Déieren aus Drëttlänner

Veterinärs- a Liewensmëttelinspektioun

ALVA warnt virun Import vun Déieren aus Drëttlänner

D‘Veterinärs- a Liewensmëtteladministratioun ALVA warnt virum Import vun Hënn an aneren Déieren aus Drëttstaaten, ouni datt bestëmmte Reegelen agehale ginn. D‘Déiere musse gechippt a géint d‘Tollwut geimpft sinn, eng Veterinärskontroll 48 Stonne virum Import ass virgeschriwwen.

auto_stories

1 min

Virun engem Transport gëtt de Gesondheetszoustand, Impfung an allgemengt Wuelbefanne vum Déier ënnersicht | © Morgane Weidig
Foto: Morgane Weidig

Wéi d‘ALVA schreift wiere rezent 8 Hënn illegal aus Serbien importéiert ginn, d‘Déiere goufe konfiszéiert an a Quarantaine gesat.

D‘ALVA gesäit den Trend fir Déieren aus anere Staaten z‘importéieren, wéi Rumänien oder Spuenien, kritesch a réit generell dovunner of. Et wier besser en Hausdéier aus engem Lëtzebuerger Déierenasyl z‘adoptéieren.