Radioen

On air

Trendscheif  |  Trendscheif um Eurosonic 2025

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ALAD: Lëtzebuerger Profisportler riskéiert 2 Joer gespaart ze ginn

Sport

ALAD: Lëtzebuerger Profisportler riskéiert 2 Joer gespaart ze ginn

100,7-Informatiounen no riskéiert e Lëtzebuerger Profisportler eng Spär vun zwee Joer, wéinst enger presuméierter Violatioun vum Antidoping-Kodex vun der ALAD.

auto_stories

2 min

ALAD | © Chris Zeien
Foto: Chris Zeien

D’ALAD confirméiert an engem Communiqué, datt eng Prozedur géint de Sportler leeft, deen zum Zilgrupp vun der ALAD zielt. Dee Groupe cible besteet, wéi si eis en Donneschdeg geäntwert hat, “gréissdendeels aus Sportler aus dem COSL-Elitekader an der Sportsektioun vun der Arméi”.

Identitéit vum Sportler net matgedeelt

De Sportler oder d’Sportlerin hätt bannent 12 Méint entweder 3 Dopingkontrolle verfeelt an/oder verpasst ze mellen, wou hien/si dru wier, fir kënne kontrolléiert ze ginn. D’Prozedur wéinst der méiglecher Violatioun vun den Antidopingregele leeft de Moment, an den Dopingdisziplinarrot kéim geschwënn zesummen. D’Identitéit vum Athlet géif net bekannt ginn, ier dee Rot en Urteel gesprach hätt, sou nach d’ALAD.

Athlet ass net asiichteg

D‘Autoritéit hat dem radio 100,7 viru 4 Deeg erkläert, datt de Sportler d’Méiglechkeet krut, de Feeler anzegesinn an doduerch seng Strof par rapport zur maximaler theoretescher Spär vun zwee Joer op ee Joer ze reduzéieren. De Sportler hätt dës Propos awer net acceptéiert an d'ALAD dowéinst den Dopingdisziplinarrot saiséiert.

Well de Verwaltungsrot vun der ALAD sech virun e puer Joer dofir entscheet hätt, eréischt nom Enn vun enger Prozedur ze kommunizéieren, géif se bis op Weideres kee méi detailléierte Kommentar zu dësem Fall méi maachen.