Et misst een net am häertste bierelen, mee et wéilt een déi Zouverlässegst sinn an d’ADR wéilt, fir Verantwortung fir d’Land ze droen, net splécke mee verbannen, esou d’ADR-Parteipresidentin.
D’Alexandra Schoos huet an hirer Ried a Saache Pensiounen dann eng méi déifgräifend Reform gefuerdert.
“Mir wëllen eng Léisung, déi finanziell drobar ass, sozial gerecht, nohalteg a politesch éierlech ass. Wéi schonn 2025 wäert d'ADR hei mat Rou a Kompetenz schaffen. Eis Pensiounspolitik dierf net eise Wuesstemszwang verwalten, mee muss d'Zukunft vun eis an eiser Jugend ofsécheren.”
Kritik ënner anerem beim Theema Logement
Reformpabeier eleng hätten nach keng Wunnenge gebaut, d’ADR fuerdert Resultater a manner Bürokratie. An der Bildungspolitik huet sech d’Alexandra Schoos fir méi Integratioun a manner Belaaschtung ausgeschwat.
Den neie Projet ALPHA wier hei an hiren Aen "onverantwortlech". Beim Theema Sécherheet huet d’ADR-Parteipresidentin op ee Rechtsstaat, dee sech net selwer läme géif an op déi néideg Moyene fir d’Police gesat, dat awer ouni an een Iwwerwaachungsstaat ofzerëtschen.
Steierreform wëllt d'ADR net matdroen
An der Steierreform da gesäit d’ADR ee Familljemodell deen imposéiert, datt béid Elterendeeler schaffe ginn. Dat kéint een net matdroen, esou d’Alexandra Schoos.
“Dës Steierreform ass eng familljepolitesch Gesellschaftsreform. Als ADR kënne mir net e Gesellschaftsmodell ënnerstëtzen, wou Eltere gezwongen oder encouragéiert sinn, hir Kanner an eng Struktur ofzeginn, fir schaffen ze goen, well si soss net iwwer d'Ronne kommen.”
D’ADR wéilt weider eng "Partei matten an der Bevëlkerung" bleiwen, huet d’Presidentin Alexandra Schoos nach versprach.