Radioen

On air

Moiesstudio  |  The Jam - That's Entertainment

play_arrow Live
search

/ Physik einfach erkläert op Tiktok - geet dat?

Wëssenschaft

Physik einfach erkläert op Tiktok - geet dat?

A kuerze Videoen op Tiktok probéiert d‘Sarah Toss d‘Leit fir Physik ze begeeschteren. Si ass selwer Physiksstudentin zu Bonn. An hire Videoe weist si de Leit, wéi Physik een am Alldag begleet.

auto_stories

2 min

headphones

10 min

play_arrow

Wéi kënnt den Toun aus enger Plack op engem Plackespiller? A wéi kënnt een ICE Zuch un d‘Bremsen? A Videoe vu maximal zwou Minutten, probéiert d‘Sarah Toss dat ze erklären.

Iwwer deen Opruff fir Wëssenschaftscontenu vum däitsche Reseau Funk, ass d‘Sarah Toss op dee Projet komm. Funk ass ee Reseau vun den däitschen Tëleeschaînen ARD an ZDF, dee Contenu fir d‘Sozial Medie produzéiert an domat besonnesch ee Jonke Public uschwätzt.

Ee Mount vun der éischter Iddi bis zum fäerdege Video

Dofir huet si eng ganz Equipe hannert sech stoen: Ee Betreier vu Funk an eng Produktiounsfirma ënnerstëtze si bei deem Projet. Vun der éischter Iddi, bis zum fäerdege Video dauert et ee Mount, betount d‘Sarah Toss. Dobäi sicht d‘Studentin sech meeschtens selwer d‘Sujeten aus, déi si wëll an de Videoen erklären. Zesumme mat hirem Beroder an der Produktiounsfirma gëtt da gekuckt, ob dee Sujet ëmsetzbar ass, oder ob et ze komplex ass.

De Projet leeft den Ament op 6 Méint. An där Zäit geet et och drëms erauszefannen, wien d‘Zilgrupp ass. An de Videoe ginn nämlech gewësse Grondkenntnisser virausgesat: Wat een Elektron, oder ee Proton ass zum Beispill. An engem Video, deen net méi wéi zwou Minutten daueren dierf, muss een d‘Balance fannen, fir net ze vill an den Detail ze goen, awer och genuch ze erklären. Aus de Kommentarer ënnert de Videoe léist sech awer erausliesen, datt déi meeschte Leit déi Grondkenntnisser och hunn, erkläert d'Sarah Toss.

Hir Videoe fannt dir op Tiktok oder iwwer d'Sichmaschinnen ënner "Pulsarah".

Lauschterenplay_arrow

Wann Dir Iech fir Physikssujeten interesséiert, kënnt der och an d'100,7-Emissioun Physik ass relax eralauschteren.