Dee Pilotprojet war fir d‘Schouljoer 2022-23 lancéiert ginn, mee et hätten net genuch Schüler sech dofir intresséiert. Déi Sektioun ass am Michel Rodange ni agefouert ginn, an et wier och net geplangt, se op weider Lycéeën auszedeenen.
Lëtzebuergeschen net attraktiv genuch
De Grond wier awer net, datt et keen Interessi un der Lëtzebuerger Sprooch géif ginn. Dat hätt aner Ursaachen. Engersäits géifen allgemeng ëmmer manner Schüler op A goen, an anerersäits hätt sech am Gespréich mat de Schüler erwisen, datt si léiwer eng nei Sprooch léieren.
D‘Schüler géifen och fannen, datt déi berufflech Perspektive mam Lëtzebuergeschen net attraktiv genuch sinn.
Schwiereg, genuch Schüler zesummen ze kréien
Am 100,7-Interview sot den Direkter vum Lycée Michel Rodange, de Jean-Claude Hemmer, datt allgemeng den Intressi un der Sproochesektioun erof géing goen.
"Mir stelle bei eis am Lycée an och am Land insgesamt fest, datt an de leschte Joren den Zousproch fir d'Sektioun A eigentlech relativ geréng ginn ass. A bei eis an der Schoul hu mir dëst Joer elo guer keng Sektioun A op Troisième. Mir hunn op Deuxième an op Première ganz kleng Klassen. An do hunn d'Schüler dann de Choix tëschent Spuenesch, Italieenesch a Lëtzebuergesch. Et ass ganz schwiereg, eng kritesch Mass ze kréien, fir ee Lëtzebuergesch Cours, wou awer op d'mannst fënnef Schüler misste sinn, fir datt dat sënnvoll kann ufänken."