Ënner anerem zu Paräis sollen d‘Concerten awer wéi geplangt iwwert d‘Bün goen. Bei de Concerten an Departementer déi a Vigilance rouge sinn, däerf iwweregens am ëffentleche Raum keen Alkohol consomméiert ginn.
Et ass eng Mesure déi garantéiere soll, datt d‘Rettungsservicer genuch Personal an Zäit hunn, fir sech ëm vulnerabel Leit ze këmmeren. Generell warnen d‘Rettungsservicer virun der geféierlecher Mëschung vun héijen Temperaturen an Alkohol.