search

/ A Brandenburg ass en Dokter wéinst sexuellem Mëssbrauch vu Kanner an 130 Fäll ugeklot

Däitschland

|
reading time

1 min

A Brandenburg ass en Dokter wéinst sexuellem Mëssbrauch vu Kanner an 130 Fäll ugeklot

De Mann huet an enger Klinik geschafft a soll Kanner sexuell mëssbraucht a vergewaltegt hunn, déi meescht dovu eärend sengem Déngscht. Dat huet de Parquet vu Potsdam matgedeelt.

reading time

1 min

Police Däitschland | © picture alliance/dpa | Sven Hoppe
Police Däitschland (Foto: picture alliance/dpa | Sven Hoppe)

Bis elo wieren d'Dimensioune vun der Affär nach net bekannt gewiescht. De Pediater soll tëschent Enn 2013 bis d'lescht Joer am November Kanner mëssbraucht hunn. Zënter November zejoert sëtzt hien an Untersuchungshaft.