arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chauffeur vun Amokfaart zu Leipzig kënnt bis op Weideres an eng psychiatresch Klinik

Däitschland

|
reading time

1 min

Chauffeur vun Amokfaart zu Leipzig kënnt bis op Weideres an eng psychiatresch Klinik

No der Amokfaart zu Leipzig kënnt deen 33-Joer ale däitsche Chauffeur bis op Weideres an eng psychiatresch Klinik. E Riichter huet dat decidéiert, esou de Parquet vu Leipzig.

reading time

1 min

© EPA/FILIP SINGER
(Foto: EPA/FILIP SINGER)

De Mann war virgëschter mat engem Auto an d‘Leit an enger Foussgängerzon zu Leipzig gerannt. Zwou Persoune koumen ëm d‘Liewen.

Dem Riichter no géifen et kloer Indicen, datt de Mann psychesch Problemer huet, déi misste consideréiert gi fir seng Schold festzeleeën.