arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat d'Wuel vun de Kanner ugeet gëtt Däitschland e schlecht Bild of

Etüd

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Wat d'Wuel vun de Kanner ugeet gëtt Däitschland e schlecht Bild of

An enger Etüd vun de Vereenten Natiounen zum Kannerwuel ass Däitschland relativ wäit hanne gelant – virun allem par rapport zu sengen europäeschen Nopeschlänner. Däitschland géif wäit hanner senge Méiglechkeeten zeréckbleiwen, heescht et iwwerdeems vun der UNICEF.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Anke Thomass / Adobe Stock
(Foto: Anke Thomass / Adobe Stock)

Besonnesch am Beräich Bildung steet et net gutt ëm déi däitsch Kanner. Manner wéi zwee Drëttel vun de 15-Järegen an Däitschland erreechen am Liesen an am Rechnen d’Mindestkompetenzen fir hir Altersgrupp. Dat ass eng vun de Schlussfollgerunge vun der Etüd, an där UNICEF zënter 20 Joren d’Wuelbefanne vu Kanner an de privilegéierte Länner vun der Welt moosst.

A Saache Bildung kënnt Däitschland domat just op Plaz 34 vun 41 analyséierte Länner.

Mee net just bei der Bildung steet et - de Vereenten Natiounen no – net gutt ëm d’Wuelbefanne vun den däitsche Kanner. An der Etüd, an där Holland, Dänemark a Frankräich am beschten ofgeschnidden hunn, läit Däitschland just op der 25. Plaz.

Lëtzebuerg huet et iwwregens net an de finale Ranking gepackt, well eng Réi Donnéeë gefeelt hunn.

Finanziell Situatioun wierkt sech staark op Wuelbefanne vun de Kanner aus

Besonnesch schlecht schneit Däitschland bei den Ënnerscheeder tëschent privilegéierten a benodeelegte Famillen of. Kanner aus éischter räiche Famille schneide schoulesch besser of, si méi zefridde mat hirem Liewen an hu manner Problemer mat hirer mentaler Gesondheet.

D’Bekämpfung vun der Kanneraarmut misst dowéinst an Däitschland eng politesch Top-Prioritéit ginn, huet de Christian Schneider, Chef vun UNICEF Däitschland, de Rapport kommentéiert.

Datt Länner mat däitlech manner Wirtschaftskraaft wéi Portugal oder Litauen, wäit virun Däitschland géife leien, géif weisen, datt d’Land beim Wuelbefanne vu senge Kanner nach vill Loft no uewen hätt.

play_arrow Lauschteren