Radioen

On air

9 bis 1  |  CID | Fraen an Gender

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Bilan vun Doudesaffer klëmmt op 12

No de Pager-Explosiounen

Bilan vun Doudesaffer klëmmt op 12

Dorënner zwee Kanner vun 8 an 11 Joer. Ronn 2800 Persoune goufe blesséiert – dorënner vill Kämpfer vun der Hisbollah. Déi kléng Kommunikatiouns-Apparater, déi d'Hisbollah-Miliz am Plaz vu mobillen Telefone gebraucht, si gëschter zäitgläich am ganze Libanon explodéiert.

auto_stories

1 min

Foto: Bigstock / v74

De Wall Street Journal behaapt, datt Israel eng Bestellung vu Pager interceptéiert a Sprengstoff dra gemaach huet. Och déi libaneesesch Regierung huet Israel responsabel gemaach. Israel huet sech nach net dozou geäussert.

D'Hisbollah, déi vum Iran ënnerstëtzt gëtt, sot si géif sech fir déi "kriminell Attack" revanchéieren. 

D‘Firma aus dem Taiwan, där hiert Logo op de Pager war, huet eng Verbindung mat de Virfäll vu sech gewisen. Se wieren an Ungarn entworf a produzéiert ginn, esou d‘taiwaneesesch Firma.

D'UNO huet virun enger Eskalatioun gewarnt. Fluggesellschaften, dorënner d'Lufthansa, hunn hir Flich op Tel Aviv an Teheran bis op Weideres gestoppt.

US-Ausseminister mécht weider Drock fir eng Wafferou

Den amerikaneschen Ausseminister Antony Blinken ass de Moien an der ägyptescher Haaptstad Kairo ukomm. D'USA an Ägypte wëllen déi ëmmer nach blockéiert Verhandlungen tëschent Israel an der Hamas fir eng Wafferou an der Gazasträif virubréngen. Eng Visitt vum US-Ausseminister an Israel ass dës Kéier awer net geplangt.