Um 16 Auer de Mëtteg ass op eng Gedenkfeier op der Plaz. Matt derbäi si 50 Iwwerliewender vun Auschwitz. Si sinn haut um Méindeg wäit iwwer 80 Joer, verschiddener iwwer 90 Joer, al. E puer vun hinne sollen déi zentral Ried halen.
Lëtzebuerg gëtt bei dëser Gedenkfeier vum Ierfgroussherzog Guillaume, der Ierfgroussherzogin Stéphanie a vum Premier Luc Frieden vertrueden.
De 27. Januar ass dann och den internationalen Dag fir d’Erënnerung un d’Affer vun der Shoah.
Verschidde Visiteure si sech der symbolescher Bedeitung vun der Plaz haut net méi bewosst. E Reportage dozou vun eisem Korrespondent Adrien Sarlat.