Radioen

On air

9 bis 1  |  Klassik Live

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 80. Joresdag vum D-Day: Grouss Zeremonie an der Normandie geplangt

Och Lëtzebuerger Gäscht sinn invitéiert

80. Joresdag vum D-Day: Grouss Zeremonie an der Normandie geplangt

Fir un den 80. Anniversaire vum Debarquement vun den Alliéieren an der Normandie ze erënneren ass en Donneschdeg eng international Zeremonie geplangt, direkt nieft "Omaha Beach", enger vun de Plagen, wou d‘Alliéiert ukoume fir Frankräich an Europa vun de Nazien am Zweete Weltkrich ze befreien.

auto_stories

1 min

Omaha Beach | © picture alliance / NurPhoto | Artur Widak
Foto: picture alliance / NurPhoto | Artur Widak

Lëtzebuerg wäert bei der Zeremonie duerch de Grand-Duc Henri an de Premier Luc Frieden vertruede sinn, grad ewéi de Chamberpresident Claude Wiseler, d‘Verdeedegungsministerin Yuriko Backes an de Chef-d‘état-major vun der Lëtzebuerger Arméi, Steve Thull.