Wéi d’Vereenten Natiounen 1945 gegrënnt goufen, war den Zweete Weltkrich an Asien nach amgaang, an eng weltwäit Vereentheet vun den Natioune wäit ewech. Wéi de Vëlkerbond nom Éischte Weltkrich, sollt d’UNO zukünfteg Kricher verhënneren. Dat duerch Austausch, Diplomatie, Kompromësser a géigesäiteg Hëllef - also duerch Multilateralismus.
D’Reformresistenz vun der UNO
Awer scho bei hirer Grënnung krut d’UNO d’Ursaach vun hiren haitege Problemer mat an d’Wéi geluecht. D’Kolonialmuechte Frankräich oder Groussbritannien hunn 1945 zum Club des Vainqueurs gehéiert. Dofir goufen si permanent Membere vum Sécherheetsrot. An dat si se nach haut, obschonn hir weltpolitesch a wirtschaftlech Positioun net méi déi vun 1945 ass.
Grouss Länner wéi Indien oder Weltregioune wéi Afrika oder Latäinamerika hu keng permanent Plazen an deem Sécherheetsrot, an deem d’USA a Russland reegelméisseg géintenee vun hirem Veetorecht Gebrauch maachen.
Eng schwéierfälleg Bürokratie, ze wéineg Mëttel fir Decisiounen duerchzesetzen, eng ze westlech an ze kapitalistesch Orientéierung si weider Kritikpunkten un enger Struktur, där et net geléngt, sech un déi haiteg global Entwécklung unzepassen, déi en anere Bléck op Kolonialismus oder Respekt vun de Mënscherechter werft.
An trotzdeem: En eemolege Kader fir Multilateralismus
Trotzdeem sinn d’UNO an déi Organisatiounen, déi sech vun hir ofleeden - wéi zum Beispill d’Weltgesondheetsorganisatioun oder d’UNESCO – onersetzlech. Si bidden de Kader fir dat, wat Multilateralismus ausmécht: D'Zesummenaarbecht vu ville Staaten op der Basis vu kollektiv ausgeschaffte Reegele fir gemeinsam Léisunge fir global Problemer ze fannen.
Jidderee fir sech?
Dës Gespréichsbereetschaft ass haut a Gefor. Nationalistesch Beweegungen huelen zou. Ëmmer méi Staate setzen erëm méi op eegent Interessen, wéi op international Kompromësser. Geopolitesch Spannungen – zum Beispill tëschent den USA a China, dem Krich an der Ukrain oder déi endlos Kris am Noen Osten – maachen eng produktiv Zesummenaarbecht tëschent deene wichtegsten Acteuren onméiglech.
Wat besonnesch och eng Kris betrëfft, ënner där mir elo scho leiden: Déi vum Klima.
Déi meescht global Erausfuerderunge sinn awer nëmme gemeinsam ze meeschteren. Aus deem Grond ass Lëtzebuerg fir déi nächst véier Joer Member vum Exekutivrot vun der UNESCO fir déi international Verstännegung aktiv mat ze stäerken. An dat an esou wichtege Gebitter wéi Bildung, Wëssenschaften, Kultur a Kommunikatioun. Alles Beräicher, déi nëmme vun – a fir – Dialog, Austausch a Respekt liewen.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.