Um Kierchbierg sollen an Zukunft däitlech méi Leit wunne wéi de Moment. D’Awunnerzuel soll vu ronn 6.000 op ronn 34.000 am Joer 2042 wuessen, esou déi aktuell Zuele vum Fong Kierchbierg. Geplangt sinn um Kierchbierg bal 7.000 nei Logementer. E groussen Deel dovu soll am Kader vun de Projete Kuebebierg, Laangfur an JFK Sud entstoen.
Fokus op Appartementer fir Famillen
D’Prioritéit vum Fong Kierchbierg wier an der Tëschenzäit déi fir Logementer ze bauen, ënnersträicht de Generaldirekter Marc Widong. D’Terrainsreserve vum Fong sollen dann an der Haaptsaach och dofir genotzt ginn.
3.300 nei Logementer fir ronn 7.000 Leit sollen zum Beispill am neie Quartier Kuebebierg gebaut ginn. Dat wier dee “gréissten a wichtegste Projet” fir de Fong Kierchbierg, esou de Generaldirekter Marc Widong.
"Dat wäerten haaptsächlech Appartementer sinn, awer och deelweis Eefamilljenhaiser. Déi Appartementer, déi wäerten a verschiddenen Typologien ausgeriicht sinn. Dat heescht vum méi klengen Appartement bis méi grousser mat méi Schlofzëmmeren."
Et sollen awer haaptsächlech méi grouss Appartementer entstoen, fir och Famille mat Kanner eng Méiglechkeet ze ginn do ze wunnen, preziséiert de Marc Widong.
Net just Logementer, mee och Infrastruktur
Am neie Quartier Kuebebierg sollen awer net just nei Logementer entstoen, mee och alles dat, wat ee bräicht, fir ee Quartier lieweg ze maachen.
"Do hu mir dann d’Besoinen, déi de Staat expriméiert huet. Dat ass zum Beispill de Lycée Michel Lucius. Dann hu mir och d’ENAD do (Ecole nationale des adultes). Dann hu mir een Altersheim an nach dat, wat d’Gemeng freet. Dat heescht Plaz fir eng Primärschoul a Sportsinfrastrukturen."
D’Aarbechte fir de Bau vun de Stroossen am neie Quartier Kuebebierg sollen Enn vun dësem Joer ufänken. 2030 oder 2031 sollen déi éischt Leit am Quartier kënne wunnen, hofft de Marc Widong. Dee ganze Quartier soll spéitstens 2040 fäerdeg sinn.
"Also mir rechnen, datt de Bau vun all de Logementer 10 bis 15 Joer wäert daueren."
Et géing virun allem dovun ofhänken, wéi séier datt een Entrepreneure géif fannen, respektiv Keefer.

Laangfur: De Schwësterquartier vum Kuebebierg
Direkt nieft dem Quartier Kuebebierg ass de Quartier Laangfur geplangt, vis-à-vis vun der Europaschoul um Boulevard Konrad Adenauer. E Projet mat ronn 3.000 neie Logementer. Eng 600 dovu solle Logementer vum Fong Kierchbierg sinn.
Et wier de Schwësterquartier vum Kuebebierg, esou de Marc Widong, well se änlech grouss sinn an ongeféier zäitgläich entwéckelt wäerte ginn. Een Ënnerscheed gëtt et awer.
"De Projet Laangfur ass awer contrairement zum Kuebebierg, deen zu 100 Prozent dem Fong Kierchbierg gehéiert, ee Projet, deen haaptsächlech vu private Promoteure gedroe gëtt. Mir hunn als Fong Kierchbierg do just 21 Prozent."
Genee wéi am Quartier Kuebebierg soll och am Quartier Laangfur den Tram d’Haapttransportmëttel sinn, seet de Generaldirekter vum Fong Kierchbierg. Den Tram wäert spéider vun der Europaschoul um Boulevard Konrad Adenauer duerch de Quartier fueren, iwwer de Val Saint-Mathieu, an dann duerch de Kuebebierg zeréck iwwer de Boulevard Pierre Frieden bis bei den Tramsschapp.
Projet JFK Süd: Problemer mam PAG
Weider 1.000 nei Logementer um Kierchbierg sollen an den Zonen A a B vum Projet JFK Süd entstoen, direkt laanscht d’Avenue John F. Kennedy.
"Den A, dat ass vum ArcelorMittal-Gebai, wat elo am Bau ass, bis bei d’Rue des Coquelicots. Do hu mir eng ronn 260 Wunnengen. Dee Projet maache mir zesumme mat der SNHBM. Dat sinn insgesamt néng Tierm."
D’Baugeneemegung fir d’Zon A vum Projet JFK Sud léich scho vir, an déi éischt Leit sollen a gutt zwee Joer do kënne wunnen, hofft de Marc Widong.
Retard gëtt awer bei der Zon B vun dësem Projet JFK Sud. Dat ass den Deel bis bal op d’Héicht vun der Nationalbibliothéik.
"Da kommen nach déi bal 800 Logementer fir Kennedy Sud B. Do si mir nach manner wäit. Do war effektiv ee Blockage um Niveau vum PAG. Do war ee Recours komm, wou dann d’Gemeng leider verluer huet."
Aner gréisser Wunnengsbauprojeten um Kierchbierg sinn ënner anerem Kiem 2050, fir deen de Verkaf scho lancéiert ass, Grünewald Ouest nieft dem Reha-Zenter, grad wéi um Site vun der LuxExpo an um Site vun Eurocontrol hanner der Coque um Kierchbierg.