arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 6 Doudeger an engem Bus - Persoun huet d'Feier warscheinlech mat Absicht ausgeléist

Schwäiz

|
headphones

1 min

6 Doudeger an engem Bus - Persoun huet d'Feier warscheinlech mat Absicht ausgeléist

An der Schwäiz koume gëschter Owend sechs Mënsche bei engem Feier an engem Bus ëm d'Liewen. Fënnef Leit goufe blesséiert.

headphones

1 min

© EPA/KANTONSPOLIZEI FREIBURG
(Foto: EPA/KANTONSPOLIZEI FREIBURG)

De Linnebus vun der Entreprise Postauto hat an der Stad Kerzers, net wäit vu Bern ewech, op der Haaptstrooss Feier gefaangen.

D‘Ursaach vum Feier ass nach net offiziell confirméiert.

Police: Persoun kéint d'Feier bewosst ausgeléist hunn

D‘Police sot, méiglecherweis hätt eng Persoun am Bus d‘Feier bewosst ausgeléist.

Déi Schwäizer Boulevardzeitung Blick huet en Aenzeien zitéiert dee sot, e Mann am Bus hätt Bensinn iwwer sech geschott an deen ugefaangen.

Dat kéint awer nach net konforméiert ginn, huet d‘Police gëschter Owend op enger Pressekonferenz betount. De Parquet vu Freiburg leet d‘Enquête.