D‘Koppel war zejoert owes spéit op den héchste Bierg an Éisträich geklommen. Déi 33-Joer al Fra ass nuets bei äisegen Temperaturen no beim Sommet erfruer. Hire Frënd hat si do eleng gelooss. Hie seet, hien hätt probéiert, Hëllef sichen ze goen.
arrow_back_ios
search
Éisträich
|5 Méint Prisong fir Mann dee Fra bei äisegen Temperaturen um Bierg eleng gelooss huet
Am Prozess iwwer den Doud vun enger jonker Fra, déi um Bierg Großglockner an Éisträich erfruer ass, gouf hire Frënd um Geriicht zu Innsbruck schëlleg gesprach wéinst Homicide involontaire. Hie krut eng Prisongsstrof vu fënnef Méint mat integralem Sursis an eng Geldstrof vun 9.600 Euro.
(Foto: EPA/ANNA SZILAGYI)