Radioen

On air

Tockcity  |  Glok, Timothy Clerkin - E - Theme

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 5 Hënn sinn an enger Hondspensioun gestuerwen

Enquête lancéiert

5 Hënn sinn an enger Hondspensioun gestuerwen

D‘ALVA enquêtéiert an der Affär ronderëm 5 Muppen déi no engem Openthalt an enger Honds-Pensioun am Süde vum Land gestuerwe sinn. Dat mellt d‘Veterinärs a Liewensmëttelverwaltung an engem Schreiwes.

auto_stories

1 min

Foto: Bigstock

D‘Enquête gëtt vun Experte vun der ALVA gefouert. Bis elo gewosst wier, datt déi 5 betraffe Muppen all an ënnerschiddleche Situatioune gestuerwe wieren, heescht et am Schreiwes. Zousätzlech Enquête sinn nach amgaangen, fir déi genee Doudesursaach erauszefannen.

D‘Honds-Pensioun huet iwwerdeems keng Autorisatioun vum zoustännege Landwirtschaftsministère. D‘ALVA recommandéiert iwwerdeems, datt all potentielle Client e Beweis fir esou eng Autorisatioun bei engem Bedreiwer soll froen.

D‘ASBL Frida hat gëschter op Facebook matgedeelt, datt 5 Hënn an enger Déierepensioun gestuerwe wieren. D‘Associatioun sëtzt sech fir Déieren an Nout an. 

Op d'mannst eng Persoun hätt eng Plainte bei der Police gemaach. Wéi d‘Hënn gestuerwe sinn, ass net gewosst. D‘ASBL Frida schreift, datt déi Responsabel vun der Pensioun d‘Hondsproprietäre gleewe gedoen hunn, datt hir Hënn gutt versuergt wieren. Frida fuerdert, datt d‘Pensioun ni méi d‘Recht kritt, fir weider Hënn ze versuergen.