De MobiBus féiert Mënsche mat enger Beanträchtegung all Dag op d’Aarbecht oder an d’Schoul, a fiert se och nees sichen. De MobisBus hätt méi Succès wéi Uganks geduecht, esou d’DP-Rapportrice Corinne Cahnen. Dëst wier eng vun den Explikatioune firwat d’Käschten an d’Luucht ginn.
Gros vun de Prestatioune bei enger grousser Firma konzentréiert
De Yves Cruchten vun der LSAP huet de Projet begréisst. Den Transport wier essentiel fir Mënsche mat Beanträchtegung um Liewen deelhuelen ze loossen. Mee de Käschtepunkt vu ronn 280 Euro pro Dag a pro Persoun géif a kenger Relatioun méi stoen, mengt den Yves Cruchten.
“Dat ass e Signal, datt mir eis d‘Fro stelle mussen, ob de System, wéi een haut funktionéiert, esou optimal organiséiert ass, wéi e misst sinn. An hei ginn d‘Dokumenter selwer, déi mer kruten, eis Indikatiounen. D‘Participatioun un d'Ausschreiwungen ass limitéiert, d'Marchésstruktur ass komplex an am Resultat ass e groussen Deel vun de Prestatiounen eigentlech bei engem groussen Acteur konzentréiert. “
De Yves Cruchten vun der LSAP huet dann och eng Motioun deposéiert fir eng Analyse vum Marché ze maachen an esou d’Käschten an de Grëff ze kréien. Dës Motion ass unanime an der Chamber ugeholl ginn.
Nieft dem MobiBus ass och iwwert de Schülertransport an der Chamber diskutéiert ginn. Och hei géif de Marché vun e puer grousse Bus-Firmen dominéiert ginn an esou d’Präisser an d’Luucht drécken, esou d’Kritik vun der Oppositioun.