arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ “Dir sidd de Wollef am Schofspelz” – Kritik vum Jean-Paul Schaaf um Fred Keup

Integratiounsdebatt

|
reading time

2 min

headphones

1 min

play_arrow

“Dir sidd de Wollef am Schofspelz” – Kritik vum Jean-Paul Schaaf um Fred Keup

Zum Thema “d’Integratioun vun den Auslänner zu Lëtzebuerg” huet den ADR-Fraktiounschef Fred Keup de Moien déi béid DP-Ministere Max Hahn an Eric Thill an der Chamber interpelléiert.

reading time

2 min

headphones

1 min

play_arrow
Chamber | © Chambre des Députés / flickr
Chamber (Foto: Chambre des Députés / flickr)

Et wier net eng Fro, ob ee fir oder géint Auslänner wier, mee wéi een eng Gesellschaft kéint bleiwen, esou den ADR-Politiker. Lëtzebuerg wier een oppent Land, a soll dat och bleiwen, huet de Fred Keup ënnerstrach. Hien huet awer och virun enger “Francophoniséierung vum Alldag” gewarnt. An de Fred Keup huet gefuerdert, datt déi Lëtzebuerger Sprooch méi misst an d’Vitrinn gestallt ginn.

De Wollef am Schofspelz

Den CSV-Deputéierte Jean-Paul Schaaf huet kritiséiert, datt et der ADR mat dësem Thema ëm medial Opmierksamkeet géing goen, an dorëm aner Parteien op “ee glëtschegen Terrain” ze lackelen. Et misst een awer net am rietsen Eck stoe fir sech Gedanken iwwer dëst Thema ze maachen, esou den CSV-Politiker.

“Deen Titel allerdéngs, deen Der dëser Interpellatioun ginn hutt, Integratioun vun Auslänner, dee kann ech net onkommentéiert esou stoe loossen, well deen Titel gëtt engem d'Gefill wéi wann den Auslänner net integréiert wier. Dat ass also d'Fro, wat ass dann en Auslänner? An da geet Der esou wäit an Ärer schrëftlecher Ufro vun haut, datt Der sot, majo, de Lëtzebuerger, deen och nach eng aner Nationalitéit huet, also eng duebel Nationalitéit huet, deen och nach als Auslänner ze bezeechnen, fir dann ze soen, mir hu 60 Prozent Auslänner am Land an domadder eng gewëssen Dramatik un d'Wand ze molen. Esou hutt Der et ugefrot an da kommt Der hei hin. An da schwätzt Der ganz léif a ganz fein, esou wéi een an der Mëtt géif schwätzen, wann een do wier. Dir sidd also hei de Wollef am Schofspelz.”

D’ADR hätt keng konstruktiv Integratiounspolitik ze proposéieren, huet d’LSAP-Deputéiert Liz Braz um Krautmaart kritiséiert: Et wier “vill Identitéitsgeschwätz mat den typesche Floskelen iwwer d’Sprooch” gewiescht, esou d’Liz Braz un d’Adress vum Fred Keup.

play_arrow Lauschteren