An der Kategorie vum beschte Lëtzebuerger Film sinn nominéiert Icare vum Carlo Vogele, Io Sto Bene vum Donato Rotunno. Kommunioun vum Jacques Molitor, Little Duke vum Andy Bausch a My Fairy Troublemaker vum Caroline Origer.
Fir déi beschte Koproduktioun sinn ënnert anerem nominéiert Les Intranquilles vum Joachim Lafosse a Corsage, vun der Marie Kreutzer, mam Vicky Krieps an der Haaptroll. D‘Verëffentlechung vum Film war gepräägt vun der Arrestatioun vum Florian Teichmeister, deen un der Säit vun der Lëtzebuerger Schauspillerin virun der Kamera stoung, wéinst dem Besëtz vu Kannerpornografie.
D‘Präisiwwerreechung ass dann den 11. November am Groussen Theater an der Stad.