1917, wéi de Regimm vun den Zaren zesummegebrach war, entsteet an deenen ukrainesche Gebidder, déi ënner russescher Herrschaft waren, eng ukrainesch Volleksrepublik, déi sech fir en eegene Staat asetzt.
Op deem sengem Gebitt awer sti sech d’Unhänger vum Zar an déi vun de Kommunisten a bluddege Kämpf géinteniwwer. Wie gewonnen huet, wësse mir.
No enger kuerzer Onofhängegkeet gëtt d’Ukrain 1922 en Deel vun der Sowjetunioun. Séier kréien déi ukrainesch Baueren de Regimm vu Moskau ze spieren. Fir dat Kapital ze kréien, dat fir e rapiden Opbau vun der Schwéierindustrie gefeelt huet, gouf an der ganzer Sowjetunioun de Besëtz vun de Baueren zwangskollektivéiert.
Si hunn hiert Véi an hir Recolte missen ofginn a goufen deportéiert, wa si sech gewiert hunn.
Vun Holodomor bis Tschernobyl
Doduerch koum et 1932-33 an där landwirtschaftlech esou räicher Ukrain zum Holodomor, enger bewosst erbäigeféierter Hongersnout, déi zum Zweck hat, de Widderstand vun den ukrainesche Baueren ze briechen an déi bis zu 7 Millioune Mënschen d’Liewe kascht huet.
Vill Historiker si sech haut eens, datt den Holodomor - ukrainesch fir Massendoud duerch Honger - als Vëlkermord kann ugesi ginn.
Nom Amarsch vun Nazidäitschland an d’Sowjetunioun 1941 liwwere sech um Gebitt vun der Ukrain Wehrmacht a Rout Arméi laang Schluechten, an deenen och Lëtzebuerger Zwangsrekrutéiert hu missen deelhuelen. Annerhallef Milliounen ukrainesch Judde falen dem Holocaust zum Affer.
1991 brécht d’Sowjetunioun auserneen an d’Ukrainer schwätze sech an engem Referendum zu 90 Prozent fir d’Onofhängegkeet vun hirem Land aus, dat viru gewaltegen Aufgabe steet.
D’Grondlage vun demokrateschen Institutiounen an enger stabiller Ekonomie musse geschafe ginn, an dat am Hannergrond vun de Konsequenze vum Reakterongléck vun Tschernobyl 1986.
Ouni Hoffnung hoffen
“Ouni Hoffnung hoffen ech”, schreift déi grouss Lyrikerin an Aktivistin Lesla Ukrajinka am 19. Joerhonnert. Wéi hoffnungsvoll a resilient d’ukrainesch Gesellschaft ass - verbonnen duerch hir schrecklech Erliefnisser am 20. Joerhonnert - weist sech duerch déi orange Revolutioun vun 2004, wou si sech mat Erfolleg fir fair Neiwalen asetzt an duerch déi pro-EU-Maidan-Beweegung vun zéng Joer duerno.
D’Annexioun vun der Krim duerch Russland 2014 an de Krich am Donbass sinn eng Äntwert dodrop a just den Ufank vun enger Eskalatioun, déi de 24. Februar 2022 zu deem Krich féiert, deen een a Russland net mam Numm däerf nennen.
Déi russesch Muechtpolitik vum 19. Joerhonnert bis haut huet awer mat all hire Schrecken et net fäerdeg bruecht, den Ukrainer hir Identitéit an hiert kulturellt Bewosstsinn ze briechen.
Wéi wichteg dëst Bewosstsinn ass, formuléiert déi ukrainesch Schrëftstellerin Oksana Sabuschko esou: “Déi grouss Gefor ass net de Feind vu baussen, mee datt mir vergiessen, wie mir sinn.”
Déi Gefor ass geréng.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.