Radioen

On air

Vue sur mer  |  Maale Gars - Fonken

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 4.500 Euro huet de Kaddo fir de Poopst kascht

Gravure aus dem 18. Joerhonnert

4.500 Euro huet de Kaddo fir de Poopst kascht

De Poopst François krut bei senger Visitt zu Lëtzebuerg virun engem gudde Mount ee Kaddo am Wäert vu 4.500 Euro vum Grand-Duc Henri. Dee Montant nennt de Premier Luc Frieden a senger Äntwert op enger parlamentaresch Fro vun der LSAP-Oppositiounsdeputéierter Liz Braz.

auto_stories

1 min

De Grand-Duc begréisst de Poopst um Findel. | © SIP / Frédéric Sierakowski
Foto: SIP / Frédéric Sierakowski

Beim Kaddo handelt et sech ëm eng Gravure aus dem 18. Joerhonnert vum Lëtzebuerger Kënschtler Jean Georges Weiser. Offiziell Kaddoen, déi de Grand-Duc bei Staatsvisitte géing offréieren, géinge vum Budget vun der Maison du Grand-Duc ofgehale ginn.

Aktuell géing d‘Gesetz op Regierungsniveau iwwerdeems net virgesinn, d‘Kaddoen, déi ee vu Staatscheffe kritt oder déi ee Staatscheffen offréiert, opzelëschten, preziséiert de Luc Frieden.