Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 380-Kilovolt-Leitung: Betraffe Gemenge si virsiichteg zefridden

Tracé steet elo fest

380-Kilovolt-Leitung: Betraffe Gemenge si virsiichteg zefridden

D‘Gemengen, déi vum Tracé vun der 380-Kilovolt-Leitung betraff sinn, weise sech virsiichteg zefridden iwwer d'Variant, déi den Ëmweltminister Serge Wilmes der Creos den Dënschdeg proposéiert huet. Et wier déi "ëmweltverdréiglechst", awer och ee Kompromëss, huet de Minister ënnerstrach. Och d'Biergerinitiativ Amber ass erliichtert, datt den Tracé net esou no laanscht d'Haiser zu Amber leeft.

auto_stories

3 min

headphones

6 min

play_arrow
Foto: Bigstock / Dietmar Rauscher

D'Biergerinitiativ hat sech dogéint ausgeschwat, datt d'iwwerierdesch Leitung no un d'Haiser géif gebaut ginn, aus Suerge virun de gesondheetleche Folge fir d'Awunner vun der Gemeng Jonglënster. Iwwer d'Variant, déi den Ëmweltminister den Dënschdeg virgestallt huet an der Creos proposéiert, ass fir de Claude Berg vun der Biergerinitiativ e groussen Erfolleg.
Fir d'Biergerinitiativ ass den Engagement elo awer nach net eriwwer, ënnersträicht de Claude Berg, och déi weider Entwécklunge géif een am A behalen.

Jonglënster ass zefridden

Och de Buergermeeschter vu Jonglënster Ben Ries weist sech allgemeng zefridde mam Tracé, deen zeréckgehale gouf. Op e puer Plaze wënscht hie sech awer nach liicht Adaptatiounen, virun allem wat d'Héicht ugeet, mee et wier een optimistesch, datt déi Ännerungen nach ëmsetzbar sinn.

"Dat betrëfft zum Beispill do wou den Dpot communal ass bei ons. Dat ass an enger Eco-Zon, wou och Leit wunnen. Do kënnt se ze no, dat ass ënner deenen 0,4 Mikro-Tesla, dat geet also net, dat muss definitiv ugepasst ginn."

Et hätt ee virun e puer Méint vun der Creos och gesot kritt, datt d'Héichte vun de Masten iwwer de Bëscher nach kéinten ugepasst ginn.

Zeréckbehale Variant: "Eng Verbesserung" fir d'Gemeng Koplescht

Fir de Buergermeeschter vun der Gemeng Koplescht Thierry Schumann, ass dës Variant relativ no un där, déi si als Gemengerot proposéiert haten.

"Et ass net necessairement eppes, wat net nëmme fir d’Awunner am beschten ass, mee et ass eng Balance, déi deemools de Gemengerot gesot huet, tëschent Natur a Mënsch."

Datt den Tracé virun allem um Bridel méi no laanscht d'Haiser leeft wier a sengen Aen net bedenklech, ëmmerhi géif d'Stroumleitung momentan nach vill méi no laanscht d'Haiser lafen. Dës Variant vun der 380-Kilovolt-Leitung wier deemno eng Verbesserung, esou nach den Thierry Schumann.

Luerenzweiler: Een A laacht, eent kräischt

Déi zeréckbehale Variant géif och plus ou moins där entspriechen, déi d'Gemeng Luerenzweiler proposéiert. D'Buergermeeschtesch Marguy Kirsch-Hirtt freet sech, datt hir Doleancë gehéiert gi sinn, och wann een zu Luerenzweiler de Projet allgemeng éischter kritesch gesäit.

"Dee ganze Projet ass scho fir d’Gemeng Luerenzweiler e bëssen e Schreckgespenst, well mir gi wierklech ganz encercléiert."

Nodeems ee gemierkt huet, datt d'Leitung inevitabel wier a Luerenzweiler net groussraimeg ëmgaange kéint ginn, hätt ee probéiert "das kleinere Übel ze sichen, an dat hu mir gemaach an dat krute mir och elo".

Elo läit d'Variant der Creos vir, déi wëllen déi Bewäertung vum Ministère elo am Detail analyséieren an dann decidéieren. Mee den Ëmweltminister geet dovun aus, datt de Bauhär Creos sech un d'Variant hält, déi elo zeréckbehale gouf.

Lauschterenplay_arrow