De Fernand Kartheiser gesäit doran en Desavantage vu Staatsbeamten, déi an d'Politik ginn. Virun zwee Joer hat deen deemolege Lëtzebuerger Deputéierten de Ministère vum ëffentlechen Déngscht dofir op den Tribunal administratif geholl. D’Vuë vun deenen zwou Säiten den Dënschdeg ware komplett verschidden.
De Maître Holler, Affekot vum Fernand Kartheiser, huet erkläert, säi Client hätt, éier hien an d’Chamber gewielt gouf, en Direkteschgrad am Ausseministère gehat. Duerno hätt d'Gesetz geännert, e Gesetz, dat an den Ae vum Affekot schlecht geschriwwe wier. Op alle Fall kéint de Fernand Kartheiser, wann hien an d'Pensioun goe géif oder awer net méi gewielt géif ginn, net vun de Grade 17 an 18 profitéieren. Fonctionnairen, déi e Mandat unhuelen, dierften net bestrooft ginn, well e Gesetzestext schlecht geschriwwen ass, huet de Maître Holler argumentéiert.
Fakt wier, datt de Fernand Kartheiser eng besser Pensioun kritt hätt, wann hien d'Mandat um Krautmaart net acceptéiert hätt. Dat wier e richtege Problem am demokratesche System, well Leit an deem Fall sech d'’Fro stelle missten, ob si net besser op esou e Mandat verzichten.
Staatsvertriederin: De Fernand Kartheiser kann net weider am Grad klammen
Den Dossier schéngt ganz komplizéiert, ass awer ganz einfach, an d'Gesetz ass net schlecht geschriwwen, mee ganz kloer, huet d'Vertriederin vum Staat geäntwert. Wann e Fonctionnaire an d'Chamber geet, da kritt en eng finanziell Kompensatioun - Pension spéciale genannt - op Basis vu senger Karriär, déi weidergelaf wier, wann en am Service bliwwe wier.
De Fernand Kartheiser wier als Direkter am Ausseministère am Grad 16bis gewiescht an domat um Enn vu senger Karriär ukomm, an där kee Grad 17 oder 18 méiglech gewiescht wier. D'Plaz vum Direkter wier net gläichzestelle mat enger Fonction dirigeante: Wann den adr-Politiker déi gehat hätt, da wieren déi Grade 17 an 18 dra gewiescht. D'Klammen an d'Grade 17 an 18 wier keen Automatismus, ausser et krit een eng Nominatioun, an et géif keng Preuve dofir ginn, wou de Fernand Kartheiser hautzedaags am Staatsdéngscht dru wier, esou nach d'Vertriederin vum Staat.