Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'FGFC fuerdert, datt de Staat seng Responsabilitéit iwwerhëlt

Accord salarial beim TICE

D'FGFC fuerdert, datt de Staat seng Responsabilitéit iwwerhëlt

D'Gewerkschaft vum Gemengepersonal, FGFC, kritiséiert, datt de Gehälteraccord fir d'Fonction publique no bal zwee Joer nach ëmmer net an senger Integralitéit an de Gemengen ëmgesat ass.

auto_stories

2 min

headphones

11 min

play_arrow
De Claude Reuter ass de President vu der Gewerkschaft vun de Gemengebamten FGFC (Foto: Chris Zeien)

Lauschterenplay_arrow

Aktuell gëtt nach ëmmer op den Avis vum Staatsrot gewaart. Enn dës Joers leeft den Accord awer schonn nees aus a muss da retroaktiv applizéiert ginn. Dat géif en enorme Rateschwanz mat sech zéien, seet den FGFC-President Claude Reuter.

"Do si Leit, déi sinn an d'Pensioun gaangen, déi hunn d'Gemeng gewiesselt, si vläicht esouguer bei de Staat gaangen, hunn de Changement de carrière gemaach..."

Et wier net einfach fir d'Ressources Humaines fir d'Retroaktivitéit zënter 10 Joer ze berücktsichtegen, sou de Claude Reuter an "den Accord salarial vu virdrun an nach vu virdrun ware mer och ëmmer am Retard an da kënnt nach dobäi". Et géifen och nach Texter beim Staatsrot leien.

Suergen ëm den Tice

Suerge mécht d'FGFC sech iwwerdeems ëm d'Zukunft vum Bus-Syndikat TICE. Deem seng Existenz ass wéinst de schwaache Gemengefinanze méiglecherweis a Fro gestallt, hei wier de Staat gefuerdert, fir de Süd-Syndicat finanziell ze ënnerstëtzen.

Et wier een hellhéireg gi wéi de fréiere Mobilitéitsminister François Bausch den Dossier RGTR an d‘Rei bruecht hätt a beim Dossier TICE op déi nächst Regierung verwisen hätt, sou de President vu der Gewerkschaft vum Gemengepersonal FGFC Claude Reuter. Wéinst de schwaache Gemengefinanze géif ee sech Suergen ëm d‘Zukunft vum Bussyndikat maachen, mee hei wier och de Staat gefrot. Als FGFC géif ee gär mat agebonne ginn an et wier ee léisungsorientéiert, sou de Claude Reuter.

"Mir wëssen, datt dat do keng einfach Nummer ass an datt d'Gemengefinanzen e bëssen an der Schiflag sinn an ëmmer méi wäerte kommen. Mee da brauche mer hei awer de Staat, deen op aner Plaze Milliarden investéiert… Da wäert en och hei iergendwou déi 20 Millioune fannen."