Radioen

On air

Vue sur mer  |  FKA Twigs - Perfect Stranger

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 3 Persoune musse sech virum Educatiounsminsitère erklären

Suite vun den interne Streidereien am Mamer Lycée

3 Persoune musse sech virum Educatiounsminsitère erklären

Dräi Persounen, déi am Mamer Lycée Josy Barthel schaffen, kruten an der Suite vun den interne Streidereien tëscht Proffen an Direktioun een ordre de justification. Si musse also géintiwwer dem Ministère erklären. Dat huet den Educatiounsminister Claude Meisch den Dënschdeg de Moien an der zoustänneger Chamberskommissioun ugekënnegt.

auto_stories

2 min

© Chambre des députés
Foto: Chambre des députés

Déi Gréng haten d’Theema vum Lycée Josy Barthel op den ordre du jour gesat. Fir de liberale Minister Meisch géif et elo drëms goen, Rou an d’Strukture vum Mamer-Lycée ze bréngen. Och no der Ukënnegung vum Nach-Direkter Claude Christnach, op den Datum vum 31. Dezember als Direkter opzehalen. Am ordre de justification mussen elo dräi Persoune schrëftlech Erklärungen ofginn, a wéi wäit si an der Verbreedung vun enger Petitioun ënnert de Schüler bedeelegt waren. Et géifen eng ganz Rei Méiglechkeete fir d’Schüler an d’Schülerinne gi fir sech Gehéier ze verschafen. An eng Petitioun géif do net dozou gehéieren, sou d’Erklärunge vum Minister Meisch. Fir déi gréng Deputéiert Djuna Bernard ginn des Erklärungen awer net duer.

Lauschterenplay_arrow

"An do ass natierlech d’Fro, ob dat am Moment, a d r jëtzeger Situatioun vum Mamer Lycée ginn ass. An do hoffen ech einfach, datt mer mat enger Commission des plaintes an enger neier Direktioun, an hoffentlech och enger allgemenger Volontéit queesch duerch d’Communautéit erëm op ee konstruktive Matenee kenne kommen."

De Minister Meisch huet iwwerdeems gesot, datt et a kengem Fall zu Harcèlement tëscht de Proffen an der Direktioun komm wier. Et hätt sech ëm een interne Sträit gehandelt, deen och intern hätt solle gekläert ginn, sou nach den Educatiounsminister.