arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 3:0 Victoire am Retourmatch: Rout Léiwe klappe Malta a bleiwen an der Liga C

Sport

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

3:0 Victoire am Retourmatch: Rout Léiwe klappe Malta a bleiwen an der Liga C

No enger 3-0 Victoire am Retourmatch wäert d'Lëtzebuerger Fussballnationalekipp vun den Hären weider an der Liga C vun der UEFA Nations League spillen. Den Allersmatch leschten Donneschdeg haten d'Rout Léiwen auswäerts op Malta scho mat 2:0 fir sech entscheet.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / nordphoto GmbH | SJS
(Foto: picture alliance / nordphoto GmbH | SJS)

Grad wéi am Allersmatch waren d’Lëtzebuerger och gëschter um Dënschdegowend net gutt an de Match erakomm. D’Malteeser haten dunn och déi éischt richteg Golchance. An der 20. Minutt war et dunn allerdéngs um Vincent Thill, dee mat der éischter Lëtzebuerger Chance vum Match op 1:0 gestallt huet. Ganz zur Freed vu sengem Trainer Jeff Strasser.

"Je pense que si on regarde les deux matchs, il a plus que mérité ses deux titularisations. Et sur l'ensemble des deux matchs, c'était un des meilleurs joueurs, voire le meilleur joueur, qui nous a fait énormément de bien dans l'initiation d'actions offensives, capable de jouer entre les lignes avec sa technique pour pouvoir accélérer le jeu."

Rout Kaart fir Malta

Nom 1:0 war Lëtzebuerg besser am Match an hat an der Nospillzäit vun der éischter Hallschent déi grouss Chance fir op 2:0 ze erhéijen. Dem Danel Sinani säin Eelefmeter konnt de malteesesche Golkipp awer festhalen. 

Direkt no der Paus huet den Danel Sinani dunn awer seng Chance genotzt an um Enn vun enger schéiner Kombinatioun den zweete Gol fir d’Rout Léiwe geschoss. Eng Véierelsstonn méi spéit krut Malta dunn nach eng giel-rout Kaart. Kuerz drop huet den Tomas Cruz op 3:0 erhéicht. 

Plaz an der Liga C verdéngt 

De Jeff Strasser huet senger Ekipp op der Pressekonferenz nom Match fir hir Leeschtung felicitéiert.

"Wann een zwee Matcher spillt, déi ee spillt fir ze gewannen, a sech mat iwwer 5:0 qualifizéiert huet, dann ass dat eppes, wat d'Ekipp erreecht huet. An dofir felicitéieren ech der Ekipp. An dat ass och positiv fir d'Zukunft." 

D'Rout Léiwen hätten d'Matcher mat Treffgenauegkeet gespillt an hätten hir Plaz am Grupp C vun der UEFA Nations League verdéngt. Och wa se déi viregt Matcher net esou gutt Resultater haten, esou dach den Nationaltrainer. 

An der Nations League geet et fir Lëtzebuerg Enn September weider. Da steet en Auswäertsmatch a Bulgarien un. Am Juni wäert d’Nationalekipp awer och nach zwee Frëndschaftsmatcher spillen. 

play_arrow Lauschteren