arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nations League Playoff géint Malta: Fir d'Rout Léiwe steet vill um Spill

Härefussball

|
reading time

3 min

headphones

5 min

play_arrow

Nations League Playoff géint Malta: Fir d'Rout Léiwe steet vill um Spill

Um Donneschdegowend steet fir d’Lëtzebuerger Fussballnationalekipp vun den Hären den Allers-Match vum UEFA Nations League Playoff géint Malta un. Um 18:00 Auer spillt d’FLF Formatioun auswäerts op Malta. Fir d’Lëtzebuerger geet et drëm net an d’Liga D ofzesteigen.

reading time

3 min

headphones

5 min

play_arrow
© picture alliance / Foto Huebner | Foto Huebner
(Foto: picture alliance / Foto Huebner | Foto Huebner)

Sollt een ofsteigen, wieren d’Géigner Andorra an entweder Gibraltar oder Lettland. Ka Lëtzebuerg sech géint Malta behaapte sinn d’Géigner e Stéck méi attraktiv a virun allem sportlech méi staark anzeschätzen. An der Liga C géif et géint Island, Bulgarien an Estland goen. Dem Nationaltrainer Jeff Strasser a senger Ekipp wier bewosst wat um Spill steet, wéi hie selwer seet.

"A mir konzentréieren a preparéieren eis an deem Sënn."

"Mir kennen d'Stäerkten a Schwächte vu Malta"

Et wier eng speziell Konfrontatioun fir d’Nationalekipp, seet de Jeff Strasser. Lëtzebuerg spillt nämlech nëmme seelen zweemol an enger Woch géint déi selwecht Ekipp. Um Jeff Strasser senger grondsätzlecher Approche fir de Match géif dat awer näischt änneren.

De Jeff Strasser, dee selwer 98 mol fir Lëtzebuerg um Terrain stoung, huet sech selbstbewosst gewisen an op d’Qualitéite vun der eegener Ekipp verwisen. De Géigner Malta hätt sech an de lescht Joren awer och virun entwéckelt.

"A mir kennen d'Stäerkten, awer och d'Schwächte vu Malta a wäerten op dee Match ganz gutt preparéiert sinn."

Schlëssel läit an der Offensiv

Ee Schlëssel zum Erfolleg wäert fir d’Lëtzebuerger an der Offensiv leien. An der leschter Campagne fir Weltmeeschterschafts Qualifikatioun konnt een a 6 Matcher just en eenzege Gol schéissen. Den Nationaltrainer huet betount, datt ee sech an de Matcher awer dacks Chancen erspillt hätt. Et wier virun allem d’Efficacitéit déi ee misst verbesseren.

Vill Hoffnunge wäerten dobäi um Danel Sinani leien. Den Offensivspiller war déi lescht Woche beim FC Sankt Pauli an der Bundesliga agesat a konnt leschte Weekend e Gol markéieren. E besonneschen Drock verspiert hien awer net.

"Drock ass ëmmer do. Dono als Offensivspiller natierlech wëlls de ëmmer Goler schéissen. Du mëss et jo net express, dass de lo alles derlaanscht schéiss."

Fir d’Matcher bei der Nationalekipp misst den Danel Sinani sech eegenen Aussoen no och net groussaarteg ëmstelle, seet hien: 

"Fir mech, ass dat kee grousse Switch. Mee ech si genau sou fokusséiert am Veräi wéi och hei eeben eis Ziler mat der Nationalekipp ze erreechen."

Match ouni Fabio Domingos

Grad ewéi säin Trainer, mengt och den Danel Sinani, datt d’Nationalekipp déi néideg Qualitéiten hätt fir sech géint Malta duerchzesetzen. Op d’Qualitéite vun engem Spiller kënnen d’Rout Léiwen an dësem Match awer net zielen. Den 18 Joer jonke Fabio Domingos, war vum Jeff Strasser eng éischte Kéier fir de Kader nominéiert ginn, mee huet sech kuerz drop decidéiert fir de Cap Vert ze spillen. Den Inneverteideger Seid Korac fënnt et schued, datt de Fabio Domingos sech géint Lëtzebuerg entscheet huet.

De Fokus, géif fir de Seid Korac a seng Matspiller awer voll a ganz um Match leien. Dee wéilt een onbedéngt gewannen. Hie selwer wëll an der Verteidegung e wichtegen Deel dozou bäidroen. Obschonns hien a sengem Veräin zu Venedeg an der zweeter italieenescher Divisioun an de leschte Wochen net vill Spillzäit krut, wier hie prett fir déi zwee Matcher unzegoen.

Et géif awer nach e puer Saache ginn déi een als Ekipp kéint verbesseren, esou de Seid Korac, ouni ze präziséiere wéi eng dat sinn. Intern hätt een déi Saachen ugeschwat déi ee kéint verbesseren. Elo géif et ziele fir dat och am Match ëmzesetzen.

 

play_arrow Lauschteren