D’Weltmeeschterschaft leeft vum 11. Juni bis den 19. Juli. Wéinst dem Zäitënnerscheed wier de Public Viewing net esou evident, erkläert d’Lydie Polfer.
“De Public Viewing vum World Cup ass um Glacis vun der Aachtelsfinall un. An dat ass eebe relativ komplizéiert duerch den Zäitënnerscheed. Mir iwwerdroen net déi Saachen, déi an der Nuecht sinn.”
Vum 4. Juli bis den 19. Juli wäerte jiddefalls Matcher sinn, esou nach d’Stater Buergermeeschtesch.
Geschriwwe vum Luca Di Santolo