Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 28,7 Millioune Passagéier: Rekordjoer fir d'CFL

Bilan vun 2023

28,7 Millioune Passagéier: Rekordjoer fir d'CFL

D‘CFL huet zejoert 28,7 Millioune Passagéier transportéiert. Dat ass een neie Rekord. 2022 waren et nach 22 Millioune Passagéier a virun der Covid-Pandemie 25 Milliounen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

D’CFL huet hiren eegene Rekord gebrach: 28,7 Millioune Leit hunn d’lescht Joer den Zuch geholl. Dat si bal en Drëttel méi wéi nach am Joer 2022, mat ronn 22 Millioune Gäscht. Dat deelt d’CFL an engem Communiqué mat.

34 nei Zich fir 2024

Am meeschte genotzt gëtt d’Linn tëscht Lëtzebuerg Stad iwwer Esch Uelzecht op Rodange mat iwwer 9 Millioune Leit, an d’Streck tëscht der Stad a Gouvy mat bal 6 Milliounen Notzer. Den Déif vun der Corona-Pandemie ass deemno iwwerwonnen, mengt d’Alessandra Nonnweiler vun der CFL. Et wier een zefridde mat den Zuele vum leschte Joer.

"Mir maache jo och net fir näischt all déi Investissementer an neit Material, an eis Infrastrukturen, fir eben deem gerecht ze ginn. Dëst Joer fänkt et u mat deene 34 neie Maschinnen, déi mir kréie bis 2026, fir eben einfach och do eis Offer nach erop ze schrauwen."

Wann déi Zich bis all do wieren, da géifen et 46 Prozent méi Sëtzplaze wéi bis elo ginn. Et wéilt een domat der Demande gerecht ginn, déi klëmmt, erkläert d’Alessandra Nonnweiler nach weider.

Méi Passagéier wéinst der Gratuitéit?

2020 ass den ëffentlechen Transport gratis ginn. Bal parallel zur d’Corona-Pandemie, an där d’Zuele vun de Leit an den Zich wesentlech méi niddereg waren. Dofir wier et schwéier ze soen, op d’Gratuitéit derzou gefouert huet, datt méi Leit den Zuch notzen.

"Wat sécherlech ganz kloer ass, ass datt duerch de gratis ëffentlechen Transport et einfach vill méi einfach ginn ass op den ëffentlechen Transport, an also och an den Zuch ze klammen, well einfach déi Barrière vun engem Ticket au préalable ze huelen, wechgefall ass."

Lauschterenplay_arrow