Radioen

On air

9 bis 1  |  David Bowie - Let's Dance

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'EU-Staats- a Regierungscheffe wëllen d'Defense vun der Unioun ausbauen

EU-Sommet zu Bréissel

D'EU-Staats- a Regierungscheffe wëllen d'Defense vun der Unioun ausbauen

Déi 27 Staats- a Regierungscheffe stelle sech hanner de Strategiepabeier, deen déi Europäesch Kommissioun dës Woch iwwer d'Defense presentéiert huet.

auto_stories

4 min

Roundtable with President of Ukraine via video conference | © European Union
Roundtable with President of Ukraine via video conference (Foto: European Union)

Doraus goung ervir, datt d'EU-Kommissioun e grouss ugeluechte Krich vu Russland géint Europa net ausschléisst an als méiglechen Zäitraum dofir d'Joer 2030 genannt huet. Deemno wier et elo ëmsou méi wichteg, d'europäesch Defense elo auszebauen.

"Engersäits Russland, wat iwwer déi lescht Jore bewisen huet, datt et net zéckt, fir mat Gewalt Grenzen ze änneren, oder seng Interêten auszedeelen. An op där anerer Säit si mir mat enger neier amerikanescher Regierung konfrontéiert, wou mer net genee wëssen, wéi wäit se sech an Europa engagéiert."

Et wier wichteg, datt d'USA op der Säit vun der Ukrain an Europa géif stoen, esou nach de Premier.

Déi 27 Staats- a Regierungscheffen halen iwwerdeems och fest, datt d'NATO weiderhin d'Grondlag vun enger kollektiver Verteidegung ass - si bekenne sech deemno zur NATO.

Ungarn dréit den Text iwwer d'Ukrain net mat

Wéi schonn um Treffe vun de Staats- a Regierungscheffe virun 2 Wochen huet och dës Kéier Ungarn den Text net matgedroen. Et wier wichteg op der Säit vun der Ukrain ze stoen, huet de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden um Sommet ënnerstrach. Generell géif hien all d'Gespréicher, déi momentan lafen, begréissen - wa se ee permanente Fridden als Resultat hunn, esou de Luc Frieden. 

D'EU géif a permanentem Kontakt mat der Ukrain stoen, esou de Premier. Et wier iwwerdeems ze begréissen, datt momentan Gespréicher tëschent Russland an den USA stattfannen - och wann dës ouni d'EU sinn. 

"Dee Moment, wou Europa matschwätzt, deen ass nach net do, well mir à ce stade net mat Russland kënnen a wëlle schwätzen, well mir wëlle fir d'éischt d'Positioun vun der Ukrain ganz genee verstoen."

Den ukrainesche President war um Sommet per Video zougeschalt an huet erkläert, déi momentan Wafferou hätt keng Friichte gedroen - Russland géif weiderhin ukrainesch Infrastrukturen ugräifen. Russland sollt och seng onnéideg Fuerderungen opginn, déi géife just dofir suergen, datt de Krich sech weider an d'Längt zitt.

Net just Wierder, mee Doten

D'EU-Baussebeoptraagt Kaja Kallas huet dozou opgeruff, eng Militärhëllef vu 5 Milliarden der Ukrain zur Verfügung ze stellen. Et bréicht net just Wierder, mee Dote fir d'Ukrain am Krich ze ënnerstëtzen. Hire Plang fir op 40 Milliarde Militärhëllef ze kommen, fir d'Ewechfale vun den USA-Hëllefen auszegläichen, gouf bis ewell awer nach net vu genuch EU-Memberstaaten ënnerstëtzt. Dowéinst huet si op dësem EU-Sommet en aneren Opruff gemaach. 

"Wa mir et elo net hikréien, eis fir dat nächst ganzt Joer ze eenegen, da komm mir huelen op d'mannst eng kuerzfristeg Decisioun, wat den imminente Besoin u Munitioun vun der Ukrain ugeet. De realistesch Plang wiere 5 Milliarde Militärhëllef an doru schaffe mir momentan wierklech drun."

Mee och déi europäesch Defense soll gestäerkt ginn: An den nächste fënnef Joer wëllt d'EU massiv oprüsten, dat wéinst der aktueller geopolitescher Situatioun, esou d'Erklärung vum Premier Luc Frieden no der Reunioun. Ob a wéi Lëtzebuerg sech un där Hëllef bedeelege wëllt, huet de Premier iwwerdeems net preziséiert.

Frankräich net iwwerzeegt

Ënner anerem war Frankräich net iwwerzeegt, notamment wéinst der finanzieller Situatioun am eegene Land.

D'Fuerderung vu Finnland fir een Ukrain-Spezialbeoptraagten ze nennen, ass iwwerdeems vun der Chefdiplomatin Kaja Kallas ofgeleent ginn. Si géif kee Besoin fir esou e Rôle gesinn, dat géif nämlech an hiren Zoustännegkeetsberäich falen, esou nach d'EU-Baussebeoptraagt.

De franséische President Emmanuel Macron huet iwwerdeems fir de 27. Mäerz op e weidere Sommet mam ukrainesche President Selenskyj invitéiert. Déi sougenannte Koalitioun vun de Wëllege soll do hir Sécherheetsgarantien nach eemol preziséieren.

Och Dereguléierung war een Theema um Sommet

Op all den Niveauen, national, regional an och op EU-Niveau missten Efforte gemaach gi fir déi administrativ Hürden ze reduzéieren, heescht et an de Conclusioune vum Sommet.

D'Staats- a Regierungscheffe ruffen dozou op, d’Käschte fir all administrativ Charge ëm op d'mannst e Véierel ze kierzen. Fir Kleng- a Mëttelbetriber sollen déi Hürden esouguer ëm 35 Prozent reduzéiert ginn. Lëtzebuerg steet do dohannert, esou no der Reunioun de Premier Luc Frieden.

"Aus eiser Siicht ass et noutwendeg, datt mer déi komplex Reglementatiounen, déi mer déi lescht Joer eng niewent déi aner ageféiert hunn, datt mer dat iwwerpréiwen. Mir ënnerstëtzen also all d'Efforte vun der Europäescher Kommissioun fir d'Reegelwierk, wat mer hunn, manner komplex ze maachen."

Nieft all deene Sujeten hunn déi europäesch Staats- a Regierungscheffen och en Appell un Israel an un d'Hamas gemaach fir sech direkt nees un de Waffestëllstand ze halen. Déi 27 Staaten erënneren drun, wéi wichteg et ass, humanitär Hëllef an d'Gazasträif eranzeloossen. Op en Neits hunn d'EU-Member-Länner sech fir eng Zwee-Staate-Léisung ausgeschwat.

D'Ana Angel mat den Informatiounen iwwer dësen EU-Sommet

Lauschterenplay_arrow