Radioen

On air

Nei Musek  |  Eng Hal voller Maschinnen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 21.000 Poliziste preparéiere sech op Massendemonstratioune géint Riets-Extremismus

Frankräich

21.000 Poliziste preparéiere sech op Massendemonstratioune géint Riets-Extremismus

A Frankräich sinn haut Massendemonstratioune géint Riets-Extremismus an de Rassemblement National geplangt. Den Opruff dozou koum vu Gewerkschaften, Associatiounen an de Parteie vum lénke Bord.

auto_stories

1 min

Demonstratioun | © picture alliance / NurPhoto | Jerome Gilles
Foto: picture alliance / NurPhoto | Jerome Gilles

Fir Onrouen a Gewalt ze verhënnere ginn 21.000 Polizisten a Gendaarmen uechter Frankräich mobiliséiert, esou d‘Agence France Presse.

Am ganze Land wieren eng 150 Manifestatioune geplangt. Zu Paräis erwaart d‘Police tëscht 50.ooo an 100.000 Leit, an am ganze Land eng 350.000 Manifestanten.

Eric Ciotti bleift President vu Les Républicains

"D‘Justiz huet geschwat, ech si President vu Les Républicains." Dat sot den Eric Ciotti gëschter Owend. Virdrun hat d‘Geriicht seng Expulsioun aus der Partei als invalid erkläert.

Fir de konservative Politiker wier d‘Decisioun eng Evidenz gewiescht.

De Parteichef war ausgeschloss ginn, well hien eng Walallianz mat de Rietsextremiste vum Rassemblement National wollt agoen. Zwee Gremien hate seng Exklusioun confirméiert.