Geschriwwe vum Ilana Joseph
Zënter knapp dräi Wochen ass schonn alles prett fir den Optakt vum Hellege Joer 2025 den Owend. D’Handwierker haten d’Mauer, déi déi riets Dier vum Péitersdoum soss vu banne versigelt, erofgerappt. Iwwerdeems hu si och Schlësselen, Klenschen, gëlle Steng a Medailen erofgeholl. D’Gudrun Sailer, Journalistin vu Vatican News erzielt méi iwwert d’Ritual vun den Owend:
"Darum geht’s beim Heiligen Jahr, um diesen inneren Weg: Gewissen erforschen, bereuen, Vergebung erfahren, wieder im Frieden sein mit Gott und der Welt. Das Ziel ist, dass man damit quasi in einen neuen Lebensabschnitt eintritt."
Duerch Verzeiung a Versönung Fridde fannen
D’Thema vum “Pilger vun der Hoffnung” soll de Mënschen och an dëse schwéieren Zäiten Hoffnung ginn. D’Zil vum Pilgeren ass et säi Glawen ze stäerken, no Verzeiung a Versönung ze froen a soumat de Fridde fannen.
Es gibt Gesänge und Gebete auf dem Petersplatz, eine feierliche Prozession in die Vorhalle, der Papst trägt ein eigens gefertigtes sehr feierliches Messgewand und dann stößt er von außen nach innen diese Heilige Pforte auf und schreitet hindurch.
All 25 Joer
Hannert dem Poopst sinn dann och nach 10 Kanner aus der ganzer Welt déi och duerch déi Dier trëppelen. All 25 Joer feiert d’kathoulesch Kierch en hellegt Joer. 2025 wäert dat 28. Hellegt Joer an der Geschicht sinn. Et ginn awer och Ausnamen, wéi 2015. Et war dat aussergewéinlecht hellegt Joer vun der Baarmhäerzegkeet, zum Enn vum zweete vatikanesche Konzil.
Och zu Lëtzebuerg gouf sech fläisseg op dëst Joer virbereet. Fir den 12. Januar ass eng Mass an der Kathedral ugesat fir den Optakt vum Hellege Joer ze feieren. Iwwerdeems wier d’Aarbecht mat de Jonke wichteg fir dat hellegt Joer 2025, sou de Generalvikar Patrick Müller:
"Et geet drëms, datt Jonk an Al zesummen ënnerwee sinn an der Kierch. Et ass jo d’hellegt Joer, wat an der Reegel all 25 Joer stattfënnt, an dat soll wierklech en Héichpunkt si vum kierchleche Liewen."
Awunner:inne vu Roum fäerte grousse Chaos
Zu Roum lafe wärenddeem d’Virbereedungen zënter Méint op Héichtouren. Fir d’Pilger a Pilgerinnen och kënnen ze logéiere goufe Privatwunnengen zu engem Ënnerdaach fir d’Pilgeren ëmgewandelt.
D’Stad hat Honnerte Chantieren, fir d’Infrastruktur op een akzeptabele Stand ze bréngen. Vill vun de Chantiere sinn awer och net mat Zäite fäerdeg ginn. Ënnert de Réimer bereet dat ustoend Joer grouss Suergen. Et fäert een, datt d’Stat de Stuerm vu Millioune Visiteuren net wäert packen an e Chaos ausbrécht.