Eng elektronesch Carte d’Identité gëtt et bis ewell schonn. Fir de Moment kann dës awer nëmme genotzt gi fir sech online ze identifizéieren.
Dëst Joer soll awer dann eng legal Base geschaf ginn, fir elektronesch Dokumenter wei d’Carte d’Identité an och de Führerschäin als Attestatioun kënnen ze benotzen.
De Gesetzesprojet géing iwwer déi normal Instanzen duerch d’Chamber goen a misst nach gestëmmt ginn, confirméiert de Ministère fir Digitalisatioun op Nofro vum 100,7 hin. Dat heescht, soubal déi legal Base steet, wier d'eWallet och bei offizielle Kontrolle gülteg.
eWallet via GouvID zougänglech
Den elektronesche Führerschäi soll dann och an der ganzer europäescher Unioun funktionéiere fir sech en Auto ze lounen. An mat der elektronescher Carte d’Identité soll een och online e Bankkonto kënnen opmaachen.
D'eWallet soll iwwer d’Applicatioun “GouvID” um Smartphone zougängeg gemaach ginn. Dës funktionéiert am Moment och scho fir d’Online-Identifikatioun mat der Carte d’Identité.
Wéini genau dat néit Gesetz da wäert a Kraaft trieden ass bis elo nach net gewosst.