arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 2,6 Milliarden iwwer 30 Joer fir Gefierer fir de gemeinsame Batallioun mat der Belsch

Defense

|
reading time

2 min

2,6 Milliarden iwwer 30 Joer fir Gefierer fir de gemeinsame Batallioun mat der Belsch

De gréissten Investitiounsprojet fir déi Lëtzebuerger Defense ass dee vun den Opklärungs- a Kampfgefierer vum Typ Jaguar a Griffon, huet d'DP-Defenseministesch Yuriko Backes an der Chamberkommissioun erkläert.

reading time

2 min

Chamberkommissioun Defense 11.05.2026 | © Chambre des Députés
Chamberkommissioun Defense 11.05.2026 (Foto: Chambre des Députés )

De Belsch-Lëtzebuerger bi-nationale Batallioun géif zu Arel an der Kasär installéiert ginn. D'Maintenance vun de Gefierer wäert awer zu Suessem assuréiert ginn, esou d'Ministesch. Et géif ee mat Héichdrock doru schaffen, ma et misst een awer nach rekrutéieren. 

"Wou mer a ganz enker Koordinatioun musse mat de belsche Partner schaffen, wat d'Infrastrukturen ugeet. An op der anerer Säit rekrutéieren, datt mer zesumme prett si fir eise Batallioun bi-national." 

D'Fro vum Budget

Déi gréng Oppositiounsdeputéiert Sam Tanson huet d'Fro opgeworf vun de finanziellen Enkpäss, déi op de Grand-Duché duerkommen. 

"Alles dat ass net budgetiséiert. Et kommen nach eng ganz Rëtsch aner Depensen dobäi, wéi eng Steierreform, déi geplangt ass. Natierlech mécht dat eis Suergen, wa mer déi aktuell Situatioun gesinn. Wa mer gesinn, datt et dauernd driwwer rieds geet nach Steieren rofzesetze fir d'Entreprisen oder fir d'Leit, déi dat net onbedéngt brauchen." 

Als gréng wier een dofir, datt d'Mëtt vun der Gesellschaft soll entlaascht ginn, esou d'Sam Tanson. 

"Mee mir gesinn net an, firwat datt drop an dowidder nach solle Steierbëssen erfollegen an der Situatioun an der mer sinn." 

Ass Suessem déi richteg Plaz? 

De Choix vun der Regierung fir a Militärgefierer ze investéieren, gëtt vum Piraten-Deputéierte Marc Georgen ganz a Fro gestallt. Zu Suessem géif nämlech dann nieft dem Prisong nach eee risege Militärzenter entstoen. 

"Dee sécher ganz Kordall wäert veränneren. Dat ass ee Projet, wou mir vehement dergéint sinn. En plus ass dat fir dee Bi-Batallioun. Et mécht guer kee Sënn alles herno vu Suessem eriwwer op Arel ze féieren, am contraire. Et hätt ee sollten e Site sichen, dee vill méi no bei Arel gewiescht wier." 

An der Chamberkommissioun huet d'Defenseministesch och méi een allgemeng Austausch gehat iwwer déi zukünfteg Defien, ewéi Rakéitenofwiersystemer, de Schutz vun Infrastrukture virun Dronen oder nach den Asaz vu Kampfdronen an engem Krichsgebitt.