Zu Walfer zum Beispill wieren elo véier nei vel'OH-Statioun a Betrib.
Am Ganze gëtt elo 114 vel'OH-Statioun, dovun 90 an der Haaptstad, a 50 baussent der Stad. De System wier weider ganz populär, sou d‘Gemeng.: D‘Zuel vu Joresabonnementer wier dëst Joer weider geklommen op ronn 26.000, wärend bal 46.000 Leit bis Enn November ee kuerzt Abonnement vun engem bis 3 Deeg geholl haten.